
Eigentlech fänkt seng Geschicht u wéi bei villen aneren. Mat 18 Joer huet de Steve säi Führerschäi gemaach an hätt gär en Auto gehat. “Wann s du gär en eegenen Auto häss, muss du dofir schaffe goen”, seet seng Mamm deemools zu him. Hie sicht sech also e Niewenjob a fënnt seng Plaz am Nuetsliewen. Am Ufank huet hie bei enger Security-Firma geschafft. No zwee Joer wollt hien awer net méi an där Ekipp schaffen. Ma obwuel hien eng aner fest Aarbecht hat, wollt hie säi Nieweverdéngscht net opginn.
Duerch seng vill Kontakter, déi hien iwwert déi zwee Joer gesammelt huet, huet hien da selbststänneg fir Baren an Diskothéike geschafft an zwar als Physionomist. Jo, dat ass am Ausland tatsächlech e Beruff, deen zu Lëtzebuerg einfach e bësse verluer gaangen ass.
Dir frot Iech wat dat ass? An de Filmer huet ee jo ëmmer d’Security virun der Dier vun engem Etablissement an donieft steet dann dee mat der Gäschtlëscht, deen entscheet, ob d’Persoun erakënnt oder net. Hien kuckt sech d’Clientèle genee un, éiert si eragelooss gëtt. Ass d’Persoun propper ugedoen, passt se an dëse Kader, ka se sech behuelen oder ass et een, dee scho méi dacks negativ opgefall ass? Genau dofir ass de Steve responsabel. Dat ass d’Aarbecht vun engem Physionomist.
Vu méindes bis freides ass hie senger normaler Aarbecht nogaangen. Freides huet hien dann den TGV geholl fir op Paräis, fir do um Freideg- a Samschdegowend a groussen Haiser ze schaffen a Sonndes rëm den TGV zeréck op Lëtzebuerg geholl. An där Zäit huet hien och villes erlieft. Schonn zweemol war hien a Messerpickereie verwéckelt an och Schéissereien huet hie materlieft. Vu Superräichen, déi 20.000 Euro Drénkgeld loosse bis zu Saudesche Prënzen, déi de Steve als private Bodyguard mat a Saudiarabien huele wollten, d’Aarbecht zu Paräis war fir hien eng spannend Zäit. Viru 7 Joer huet de Steve aus gesondheetleche Grënn missen eng Paus maachen. “Nieft der normaler Schaffwoch nach Nuets am Déngscht ze sinn, ass net ze ënnerschätzen. Et gehäit de Rhythmus duercherneen.”
Laang ugehalen huet seng Paus awer net. Finanziell gesi lount sech säi Niewenjob einfach ze vill. Haut schafft hien dann an engem Bar zu Lëtzebuerg. De Steve verdéngt a sengem Haaptberuff zwar net schlecht, ma seng Mamm ass krank an hie muss a wëll si finanziell ënnerstëtzen. An dee finanziellen Opwand ass net kléng. Eng Partie Medikamenter a Behandlunge vun der Fra, déi de Statut Handicapé huet, kréie si vun der Krankekeess nämlech net rembourséiert.
De Steve wunnt den Ament och mat senger Mamm zesummen, fir hir am Alldag ënnert d’Äerm ze gräifen. Säi Wonsch ass et awer, sech iergendwann en eegent Doheem kënnen ze kafen. Dass dat ënnert de Konditiounen hautdesdaags net einfach ass, ass kee Geheimnis. Genee dofir geet de Steve weider all Weekend schaffen. “Fräizäit hunn ech dann nëmme Sonndes. Esou notzen ech meng Fräizäit sënnvoll. Dat ass eben e Choix, deen een treffe muss. Am Plaz selwer all Weekend 200 Euro am Nuetsliewen ze verpolveren, kréien ech Suen dofir, do ze schaffen, wou déi aner sech amuséieren. Ech weess, dass et schwéier ass, mee ech wëll d’Hoffnung vun engem Eegenheem einfach nach net opginn.”
Iwwert déi Zomm, déi hien am Nuetsliewen zousätzlech verdéngt, kann hie sech net bekloen. “Ech schaffen awer net schwaarz. Dat heescht, ech bezuelen nach 33 Prozent Steieren. An awer ass et net schlecht.”
Seng Aarbecht als Physionomist ass zu Lëtzebuerg méi roueg, wéi zu Paräis. Allgemeng gesäit een awer eng Entwécklung bei de Leit, fënnt de Steve. “D’Leit hu keng Hemmunge méi. Se geroden direkt uneneen oder ginn direkt respektlos.” Och beim Alkoholkonsum gesäit hie Changementer. “D’Leit sinn dacks schonn ugedronk, wa si bei eis erawëllen. Zemools freides mierkt een, dass der vill direkt op den Afterwork drénke ginn a vun do aus bei eis kommen.”
Säin Niewenjob opginn, steet den Ament awer net a Fro. Dofir huet hie vill ze vill Spaass u senger Beschäftegung. “De Kontakt mat de Mënsche gefält mir, zemools dee mat de Fraleit. Doraus maachen ech och kee Geheimnis”, seet de Steve am Laachen.
*D’Redaktioun huet den Numm geännert, fir seng Sécherheet op der Aarbecht ze garantéieren.