Xavier Bettel“Ech muss Iech enttäuschen, Léisungen hu mer keng fonnt”

Claudia Kollwelter
Dat huet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel op enger Online -Pressekonferenz vun New York aus betount. D'Imprevisibilitéite géife weider dominéieren.
Bei de Gespréicher mam ukrainesche President an Ausseminister wier et och ëm d'Affär Fridman gaangen.
© CHIP SOMODEVILLA/Getty Images via AFP

“Ech muss Iech enttäuschen, Léisungen hu mer keng fonnt” Dat huet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel de Mëtteg op enger Online -Pressekonferenz vun New York aus betount. D' Imprevisibilitéite géife weider dominéieren.

An Zäiten, wou de Multilateralismus a Fro gestallt gëtt, wier d'Ried vum Grand -Duc Guillaume immens wichteg gewiescht. E Méindeg war och eng Reunioun mam UNO -Generalsekretär Antonio Guterres:

 “Ech muss Iech soen, dass den Här Guterres - et soll een zwar net aus bilaterale Reunioune schwätzen - den Här Guterres gesot huet, dass wann all Land esou wier wéi Lëtzebuerg, dass et der Welt vill besser géif goen. Et ass e Constat, deen engem natierlech Freed mécht, wann ee gesot kritt, dass Lëtzebuerg jo net esou e gudde Schüler ass, mee och un de Multilateralismus gleeft."

Wärend der Ried vum israeelesche Premier hat de Xavier Bettel iwwerdeem seng Reunioun mat der UNWRA, der UN -Organisatioun fir palästinensesch Flüchtlingen. D'Ried vum Netanjahu gesäit hien als puer Provokatioun.

"D’UNO ass ,an dat huet een och gesinn bei anere Politiker, am Fong eng Tribün ginn, fir sengem eegene Publikum bal eng Walveranstaltung ze offréieren an net eebe sech ze adresséiere vis -à -vis vun der Communautéit. Mee et ass am Fong, amplaz dass ee virun der Welt schwätzt, schwätzt ee virun sengem Publik, bal wéi op enger Walversammlung an dat ass schued.”

Bei de Gespréicher mam ukrainesche President an Ausseminister wier et och ëm d' Affär Fridman gaangen.

“Selbstverständlech ass dat eng Decisioun, déi vun Europa geholl gëtt, déi net en aneren ze huelen huet. An ech si frou, dass mer fäerdeg bruecht hunn zu 27 och de Sanktiounepak gemeinsam weiderzehuelen. Dat war fir mech dat wichteg. Mee wéi gesot, ech hu mat him driwwer geschwat. Et wier hypokritesch, net driwwer ze schwätzen.”

De Russland-Ukrainkrich wier dem Xavier Bettel no manner polariséiert wéi de Konflikt am Noen Osten. Hie bedauert och, datt d'Palästinenser keng Autorisatioun kruten, fir op New York ze goen an hofft, datt d'Walen, déi elo ustinn, riicht ausginn.

Back to Top
CIM LOGO