
En Dënschdeg de Mëtteg ass den Appellsprozess ugaangen, bei deem e jonke Mann beschëllegt gëtt, seng deemools 25 Joer al Ex-Frëndin Ana Lopes entfouert an ermort ze hunn, a se dono am franséische Grenzgebitt bei Roetgen am Auto verbrannt ze hunn. D’Affekote vum Ugekloten haten en Dënschdeg de Mëtteg d’Wuert.
Ugefaangen huet awer fir d’éischt emol de Beschëllegte selwer. D’Riichterin wollt wëssen, wisou hien dann an Appell gaange wier géint d’Urteel an éischter Instanz, eng liewenslaang Prisongsstrof. "Ech sinn onschëlleg an en Affer vum System", sot de jonke Mann doropshin. Hien hat zwar en decke wäissen Dossier tëscht sech an d’Riichterin op d’Pult geluecht, mee de Mantel hat hien awer net ausgedoen, fir sech ze verdeedegen.
Hien huet erzielt, wou hien iwwerall war, deen Owend an an der Nuecht, wou seng Ex-Frëndin d’Ana Lopes ermort ginn ass. Op d’Nofroe vun der Riichterin ass hien net wierklech agaangen, ma huet ëmmer méi veronséchert geschéngt. Iergendwann huet d’Riichterin hien dann ënnerbrach: "Bon, soss nach eppes, mir erwaarden Explikatiounen an net d’Rekonstruktioun", sot si.
Och de Rouleau Pechpabeier, deen op der Plaz vum verbrannten Auto fonnt gi war, war erëm Thema am Prozess. Dëse gëllt als ee vun de belaaschtendsten Indicen, well DNA drop fonnt ginn ass, déi entweder vum Beschëllegten selwer, oder soss engem aus senger Famill ass. Wou d’Riichterin nogefrot huet, sot de Beschëllegten, et wier net un him dat ze erklären. Hie wéisst och net wou de Rouleau hierkënnt. D’Riichterin kuckt hien a seet näischt. De Beschëllegte gëtt dann no e puer Sekonnen no: Hie wéilt elo näischt méi soen - an huet sengem Affekot d’Wuert ginn.
De Maître Gennaro Pietropaolo ass da bei senger Plaidoirie dorop agaangen, wat alles dogéint schwätzt, datt säi Mandant schëlleg ass. Eng 2 Stonnen ass et dann och dorëm gaangen, dat d’DNA um Pechpabeier net konnt enger bestëmmter Persoun zougewise ginn, an datt nach DNA vun 2 anere Persounen drop war. Awer och aner Froe sinn opkomm. Um Tatort, wou d’Affer verbrannt ginn ass, si Foussspuere Gréisst 44/45 fonnt ginn, de Beschëllegten huet awer 42. A wéi wier de Beschëllegten no der Dot esou séier ouni Auto erëm 20 Kilometer Heem komm, ouni datt e Mënsch hie gesinn huet oder eng Kamera hien detektéiert huet. An och d'Interpretatioun vun dem Beweegungsmuster vum Handy vum Beschëllegte gouf a Fro gestallt.
De Prozess geet e Freideg de Moie weider.
RTL-Artikel (12.01.21): Mordfall Ana Lopes: Geriicht huet Ex-Frënd zu liewenslaangem Prisong veruerteelt
RTL-Artikel (9.11.21): Stater Geriicht: Optakt vum Appell-Prozess ronderëm Mord-Affär Ana Lopes