
De Jean Nicolas a Boulevardpresse, den Editeur vu LuxPrivat, sollen zu enger ugemoossener Geldstrof veruerteelt ginn: Dat huet d'Vertriederin vum Parquet um Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht an engem Prozess wéinst Diffamatioun gefuerdert. An dëser Affär goung et ëm e LuxPrivat-Artikel aus dem September 2013, vun deem en Ex-Mataarbechter vun haut 33 Joer viséiert war. Dee Mann hat 2011 e puer Méint fir dat Haus geschafft a fir seng Aarbecht eng Kamera kritt. Déi hat hien net zréckginn. Virun deem Hannergrond war et zum Artikel vu viru bal 6 Joer komm.
Eng Polizistin sot um Donneschdeg de Moien, am Kader vun der Plainte vum Mann wär si am Juni 2014 mat enger No-Enquête befaasst ginn. Doropshin hätt si den Thomas Hoffmann, déi Zäit Chefredakter vu LuxPrivat, héieren; dee sot, näischt vun der Kamera ze wëssen an och net, wee fir den Artikel responsabel war, mä dass d'Beamtin säi Virgänger Heinz Kerp sollt froen. Dee konnt net vill zur Kamera soen an huet behaapt, näischt mam Artikel ze dinn ze hunn, well hien zanter 2013 net méi fir Boulevardpresse schaffe géif. Um Donneschdeg de Moie sot deen Heinz Kerp dunn, hie wär den Auteur vum Artikel. Obwuel hien net méi bei LuxPrivat gewiescht wär, hätt hien d'Iddi gehat, de Mann iwwert déi eege Publicatioun ze sichen. Et hätt sech dann och eng Fra vu Perl hei vir an Däitschland gemellt, fir ze soen, de Mann géif nieft hir wunnen. De Jean Nicolas huet iwwerdeems erkläert, de Mann hätt séngerzäit eng Kamera kritt, déi awer net bezuelt, a wär dozou condamnéiert ginn, se erëm ze ginn. Dat hätt hien, Jean Nicolas, an der Redaktioun erzielt, wouropshin et zum Artikel koum. Nodeems den Ex-Mataarbechter um Donneschdeg de Moie 25.000 € Schuedenersatz gefrot hat, huet den Affekot vu Boulevardpresse a vum Jean Nicolas betount, de Mann wär mat der Kamera verschwonnen. Well ee keng Adress vun him hat, hätt et net zur Recuperatioun vun der Kamera komme kënnen, sou de Me Richard Sturm, bis ee wousst, wou hie wunne géif. De Jean Nicolas a Boulevardpresse wäre fräizespriechen.
Dogéint huet d'Vertriederin vum Parquet fonnt, dass Boulevardpresse ze belaange war, well den Auteur vum Artikel net konnt identifizéiert ginn, an de Jean Nicolas, well hien als Co-Auteur mat der Iddi fir den Artikel koum. De Fait, dass de Mann eng Schold hat, déi hien net honoréiert hätt, wär am Artikel net ernimmt, soudass d'Calomnie zréckzebehale wär.
D'Uerteel an dëser Affär ass fir den 22. Mee.