
De Stage am Enseignement gëtt reforméiert, souwuel am Fondamental wéi och am Lycée. De Minister Claude Meisch hat dat schonn annoncéiert, hie kënnt och do de Gewerkschaften entgéint.
An der zoustänneger Chamberkommissioun huet den Educatiounsminister en Dënschdeg de Mëtteg d'Detailer vun den Ännerunge virgestallt.
Och fir d'Oppositioun geet et an déi richteg Richtung
Fir Schoulmeeschter oder Léierin ze ginn, dauert de Stage an Zukunft just nach ee Joer. Et gëtt och net méi esou vill gepréift, erkläert de President vun der Educatiounskommissioun, den DP-Deputéierte Gilles Baum. Am éischte Joer musse si nach 30 Stonne Legislatioun maachen, wat och dat eenzegt ass, wou si nach gepréift ginn. Donieft kommen nach 30 Stonnen, wou si eng Rei Formatioune musse maachen.
Dono gëtt een nach ee Joer laang begleet. Ouni Drock awer, datt een et net packt. Fir Professer am Lycée ze ginn, geet de Stage vun dräi op zwee Joer erof. Zousätzlech gëtt zum Beispill e Lehramtstudium unerkannt.
D'Richtung ass prinzipiell gutt, mengt d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen. D'Enseignante misste fachlech a pädagogesch top sinn, eng gutt Schoul halen. Dat hei kënnt den Enseignanten ze gutt. De Stress wäert manner grouss sinn. Mä et muss een den Detail vum Text vum Gesetzprojet kucken.
Déi Lénk an den David Wagner hunn déi ursprénglech Versioun staark kritiséiert, dësen Dënschdeg huet sech dat anescht unhéieren. D'Richtung stëmmt elo, fir déi Lénk. De Ministère hätt aus vergaangene Feeler geléiert, esou den David Wagner.
Mir wollten e Stage, mat deem den Enseignant gutt an de Beruff erakënnt a wou een hinnen och mat Zäit seet, ob se fir de Beruff gëeegent sinn oder net, äntwert de Minister Claude Meisch, deen den Drock wëll eraus huelen aus der Stage-Zäit.
Et hätt ee sécherlech eng Rei Kritiken Eescht geholl, op Kritike reagéiert. Déi jonk Enseignante wäre komplett ausgebilt, dat berécksiichtegt een elo méi. Den Enseignant soll Zäit kréien, fir an de Beruff eranzekommen.
D'Gesetz ass deposéiert, elo gëtt op den Avis vum Staatsrot gewaart an da soll den Text virum Summer gestëmmt ginn, fir datt de reforméierte Stage fir d'Schoulrentrée am Hierscht gëllt.