CGDISEe Blesséierte bei Accident tëscht Auto a Moto

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS den Dënschdegowend mellt, sinn am Nomëtten zwou Persounen am Stroosseverkéier blesséiert ginn.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Deen éischten Accident war géint 13 Auer an der Rue Marie et Pierre Curie um Verluerekascht an der Stad. Do waren zwee Autoen anenee geknuppt, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz a weider Secouristen aus der Stad waren am Asaz.

Ëm 16.30 Auer sinn an der Rue de Holzem ee Motorrad an een Auto anenee gerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Eng Ambulanz aus Suessem/Déifferdeng war op der Plaz, genee wéi den CIS Kaler.

Back to Top
CIM LOGO