CGDISEe Blesséierten bei Accident tëscht Bus an Auto

RTL Lëtzebuerg
Am ganzen sinn de Freideg bei Accidenter siwe Leit op de Stroosse blesséiert ginn.

De Freideg Nomëtteg géint 14.15 Auer gouf zu Esch-Uelzecht am Rond-point Raemerich eng Persoun blesséiert, nodeems een Bus géint een Auto geknuppt war. Den CIS an eng Ambulanz aus Esch waren op der Plaz.

Ëm kuerz viru 16 Auer sinn zu Rodange dräi Leit beim Pôle Européen de développement blesséiert ginn, wou zwee Autoen net laanschtenee komm sinn. Ekippen aus Péiteng a Käerjeng waren op der Plaz. Aus Esch waren et zwou Ambulanzen, eng weider koum aus Déifferdeng. Och ee SAMU aus Esch war do.

3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Freideg de Moien

Tëscht Héiweng a Koler si géint 7.40 Auer 2 Autoen net laanschtenee komm. D'Streck war wärend längerer Zäit komplett fir den Trafic gespaart. D'Pompjeeë vun Dippech a Käerjeng waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Stengefort.

Tëscht Lenzweiler an dem Antoniushaff hat et kuerz no 10.20 Auer gerabbelt. Och hei waren 2 Autoen involvéiert. D'Pompjeeë vu Wëntger an d'Ambulanz vun Ëlwen waren op der Plaz. Eng Persoun gouf verwonnt.

Nëmmen 20 Minutte méi spéit sinn tëscht dem Rouscht a Colmer-Bierg 2 Autoen anenee gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Colmer-Bierg an d'Ettelbrécker Ambulanz hu sech op der Plaz ëm alles gekëmmert.
Net wäit ewech vun der Eecher Plaz huet um Freideg géint 2 Auer en Automobilist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, hien ass an e Potto geknuppt an den Auto ass um Daach gelant. De Chauffeur gouf net verwonnt, ma den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin ass fort.

Back to Top
CIM LOGO