Äntwert op parlamentaresch FroEe Fall vu Russophobie zu Lëtzebuerg bekannt

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der russescher Aggressioun géint d’Ukrain ginn et vereenzelt Akte vu Russophobie hei am Land.

Dem Parquet vu Lëtzebuerg an dem Parquet vun Dikrech ass momentan awer just eng Affär vu Russophobie bekannt, sou d’Äntwert vum Staatsministère op eng parlamentaresch Fro vun der ADR haut.

D’Regierung verurteelt all Form vun Haass an Diskriminatioun, heescht et weider. Betraffe Leit kënne sech beim CET, dem Centre pour l’égalité de traitement, mellen.

An der Äntwert op eng aner parlamentaresch Fro vun der CSV deelt den Ausseministère iwwerdeems mat, datt aktuell nach ee Lëtzebuerger an der Ukrain ass an do och bleiwe wéilt. All déi aner Lëtzebuerger, déi an der Ukrain waren, wéi Russland de 24. Februar ugegraff huet, hätten d’Land antëscht verlooss.

Wat Russland ugeet, hätten dem Registre national des personnes physiques no 31 Lëtzebuerger eng fest Adress do. Siwe vun hinnen hu sech via d’Plattform “Lëtzebuerger am Ausland” gemellt, mee well dat net obligatoresch ass, kéint den Ausseministère net honnertprozenteg sécher sinn, wéi vill Lëtzebuerger tatsächlech a Russland sinn.

Réponse à la question N° 5912 concernant Agressions envers des citoyens russes

Back to Top
CIM LOGO