3 Mol war de Samu am AsazEe Foussgänger ugestouss an 2 Accidenter mat engem Motorad

RTL Lëtzebuerg
Géint 12.50 Auer e Méindeg de Mëtteg gouf e Foussgänger an de Stad un engem Auto ugestouss. D'Ambulanz an de Samu aus der Stad waren op der Plaz.
© Domingos Oliveira

Géint 13.30 hat dann op der N5 zu Nidderkäerjeng eng Camionnette e Moto ze pake kritt. Hei waren d’Ambulanz aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng, de Samu vun Esch an d’Secouriste vu Käerjeng-Péiteng am Asaz.

Um 16.25 Auer waren dann op der Héicht vun Éilereng op der Collectrice en Auto an e Moto aneneegerannt. Hei waren d’Secouriste vu Suessem-Déifferdeng a vun Esch, grad wéi och de Samu vun Esch op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO