Mam Moto ënnerweeEe Lëtzebuerger op Südamerika-Rees gëtt vermësst

RTL Lëtzebuerg
Den Nicolas Holzem aus der Stad ass zënter Abrëll mam Moto a Südamerika ënnerwee an huet zënter Mëtt Juni kee Liewenszeeche méi vu sech ginn.

Dat lescht Liewenszeechen ass eng Umeldung an engem Hotel zu Cuzco am Peru. Hie soll erzielt hunn, wëlles ze hunn, bei den Titicaca-Séi ze fueren, sou ee Matreesenden, deen d'Famill kontaktéiert huet.

D'Famill huet eng Vermësstemeldung bei der Lëtzebuerger Police gemaach, déi dat dem Parquet um Freideg weiderginn huet.

Iwwerdeems gouf déi belsch Ambassade am Peru vum Lëtzebuerger Ausseministère kontaktéiert, déi déi lokal Police mat der Sich beoptraagt huet. Och d'Medien am Peru an a Bolivien dierften elo eppes doriwwer schreiwen.

D'Famill probéiert och, iwwer Internet-Foren vu Motocyclisten eppes gewuer ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO