D’Stater Geschäftsleit hate sech op en onrouege Nomëtten agestallt, nodeems um Samschdeg jo eng 19 Persoune verhaft gi waren, well se an der Uewerstad randaléiert haten. Obschonns sonndes alles alles roueg blouf, bekloen d’Geschäftsleit Aboussen.
Eleng mam “Op de Chrëschtmaart goen” ass de Geschäftsleit net gedéngt. Deen 2. oppene Sonndeg, respektiv Weekend, wou Manifestanten ënnerwee sinn – dat bréngt der Keess näischt an dat misst alles net sinn, beklot sech de Guill Kaempff, Éierepresident vum Stater Geschäftsverband. D’Garer koume bis elo dovunner. Allerdéngs wier et hinne e Samschdeg eng Kéier waarm ginn, wéi op eemol Paräisser Plaz schwaarz vu Leit war, mee dat wier gewiescht, nodeems de Chrëschtmaart an der Stad zougemaach gi war, d’Police koum mat, mee souwisou absolut Chrëschtstëmmung ouni Gegranz.
An der Neier Avenue kloen also och déi net, déi gemengerhand grad dës Zäit, e gutt Geschäft maachen. D’Leit, respektiv d’Cliente ware ganz geloossen um Sonndeg, nom Motto; mir si friddlech, mir si Chrëschtdag!