
E Freideg kuerz no 19 Auer ass e Motocyclist, dee staark een iwwert den Duuscht gedronk hat, mat senger Maschinn an der Rue du Frort Olisy an der Stad gefall. Hie gouf net verwonnt, huet awer säi Führerschäin nach op der Plaz missen ofginn.
Zu Dippech an der Rue de Bettange, ass e Chauffer virun enger Kräizung um Steier ageschlof. En Zeien hat d'Police alarméiert. D'Beamten hunn de Mann, deen ze déif an d'Glas gekuckt hat, wakereg gemaach an hien aus dem Verkéier gezunn. Och hie war de Permis duerno lass.