
Zanter ronn engem Joer probéiert ee Mann, deen a reegelméissegen Ofstänn eng Uelegspuer am Rond-point bei der Zone d’activité Triangle Vert zu Elleng-Gare entdeckt, datt déi Verknaschtung ophält, ma dat ass awer anscheinend net esou einfach. Schonn am Juni 2022 hat hie sech bei der Police gemellt, fir ze mellen, datt hie Zeie gi wier, wéi ee Motocycliste am Rond-point, deen d’N16 mam CR162 verbënnt, op enger Uelegspuer ausgerutscht war. Et wier net déi éischte Kéier gewiescht, datt de Rond-point verknascht war, dat kéim e puer Mol d’Woch fir. Unhand vum Verlaf vun der Spuer kréien d’Beamten den Tipp mat op de Wee, datt et sech wuel ëm ee Betrib aus dem Triangle Vert handelt, héchstwarscheinlech een, deen eng eegen “Tankstell” op sengem Site huet.
D’Policekommissariat vu Réimech äntwert dem Mann e puer Deeg méi spéit, datt ee sech dem Problem bewosst wier, awer am Normalfall net preventiv aschreide géing, mee just dee Moment wann een Accident geschitt. Et kéint ee sech och net einfach an de Rond-point stellen a waarde bis dee Schëllege laanscht fiert. De Mann kritt geroden, sech un déi zoustänneg Autoritéite bei der Sécurité routière oder dem Environnement wennen.
Dat mat der Zoustännegkeet ass esou eng Saach
Am Oktober 2022 schéckt hien dowéinst eng Mail un d’Police, den Ëmweltministère, d’Ponts et chaussées, d’Inspection du travail et des mines, d’Sécurité routière, den ACL, d’Lëtzebuerger Moto-Initiativ an d’Lëtzebuerger Motor Unioun. Op e puer Plazen huet ee sech dann och méi oder manner zoustänneg gefillt.
Vu Ponts et chaussées war et d’Äntwert, datt een de Problem kenne géing an e puer Woche virdrun eng Sensibiliséierungscampagne gestart hätt. An där Campagne geet et drëms, d’Chauffeure vu Camionen oder Busser dofir ze sensibiliséieren, datt si den Tankdeckel vum Gefier nom Tanken erëm richteg zoumaache sollen. D’Police, d’Gemeng Munneref an d’Sécurité routière wiere kontaktéiert ginn, fir op en Neits ze sensibiliséieren.

Vum Environnement, méi genee vun der Unité contrôles et inspections (UCI) koum iwwerdeems de Retour, datt een Dossier opgemaach gouf an een deemnächst op der Plaz Nofuerschungen duerchféiere wäert.
Den 23. November 2022 ass et dann d’Nouvelle, datt een dee Betrib, dee gréisstendeels fir d’Mazoutsspuer responsabel ass, konnt ausfënneg maachen an intervenéiert hätt. Et géing kee Problem mat der Betankungsanlag bestoen, mee d’Tankdeckele géingen einfach net richteg zougemaach ginn. Et hätt een den Dossier un d’Police weiderginn, déi Kontakt mam Betrib ophuelen an eng Sensibiliséierungscampagne mat Autocollante maache géing. Bei der UCI géing den Dossier deen Ament zougemaach ginn, well ee selwer net intervenéiere kéint. De Mann kéint sech awer rëm mellen, sollt et nees zu Verschmotzunge kommen. Dat war dann Ufank Dezember 2022 scho rëm de Fall, wéi dës Foto beleeë soll.

Op en Neits Kontakt no längerer Paus
No enger längerer Paus, an där et awer anscheinend nach ëmmer reegelméisseg zu Uelegspueren am Rond-point komm ass, mellt de Mann sech Ufank Abrëll dëst Joer rëm beim Environnement fir op d’Situatioun opmierksam ze maachen. Dat mat enger neier Foto.

D’Äntwert vum Environnement: Et kéint een him leider net weiderhëllefen. Hie kéint sech just beim CGDIS mellen, fir datt dëse botze kënnt oder d’Police informéieren.
Doropshin hëlt de Mann Kontakt mat der Gemeng op a schéckt weider Fotoen.

Buergermeeschter gesäit d’Schold net bei de Betriber aus der Gemeng
De Buergermeeschter vun der Gemeng Munneref, de Steve Reckel, äntwert dem Mann méi spéit am Abrëll, datt een net wéisst, wien d’Uelegspuere verursaacht. Den Environnement hätt ee Betrib aus dem Triangle Vert beschëllegt, ouni ze wëssen ob et sech effektiv ëm déi responsabel Firma handelt. Hie selwer hätt Kontakt mat deem concernéierte Betrib opgeholl a wier sech op d’Plaz ee Bild maache gaangen. Hie wier der fester Iwwerzeegung, datt dee Betrib net responsabel wier an de Schëllege mol guer net aus dem Triangle Vert komme géing. Dat huet de Steve Reckel och RTL op Nofro hin erkläert. Hien ënnersträicht och, datt et a leschter Zäit manner dacks zu Uelegspuere komme géing. Vum Environnement, deem de Steve Reckel jo ënnerstellt, guer net ze wëssen, wien dee Schëllegen ass, heescht et, et wier een op der Plaz gewiescht an et hätt een och Kontakt mam Betrib opgeholl. Den Dossier wier dono un d’Police vu Munneref weidergeleet ginn.
Mir hunn och bei deem betraffene Betrib, enger Busentreprise, nogefrot. Erstaunlecherweis ass de Patron vum Betrib méi kritesch wéi de Buergermeeschter. Et wier een net eleng responsabel, mee effektiv Deel vum Problem, sou wéi eng Partie aner Betriber aus dem Triangle Vert. Grond wier, datt d’Tankdeckelen net richteg zougedréint géinge ginn, nodeems se um Site vollgetankt goufen. A well de Rond-point déi éischt richteg Plaz wier, wou et ëm den Eck geet, géing hei am meeschte Mazout iwwerlafen. Ma och hie fënnt, datt et a leschter Zäit besser gi wier. Trotzdeem géing een d’Chauffere reegelméisseg sensibiliséieren. Et hätt een an der Vergaangenheet nämlech schonn e puer Mol Botzaarbechte misse bezuelen, wat net grad witzeg wier.