
Aus deene geet ënnert anerem ervir, dass just all véiert Persoun, déi am Grand-Duché schafft, déi Lëtzebuergesch Nationalitéit huet.
255.000 Leit, déi hei hir Sue verdéngen, wunnen och zu Lëtzebuerg. Dovun sinn der nëmmen 124.000 Lëtzebuerger, also eng Persoun op Véier.
Dass honnertdausende Leit aus den Nopeschlänner an de Grand-Duché schaffe kommen, ass net nei. 224.000 waren et der d’Enn zejoert. Nëmmen nach 30.000 manner Frontalieren ewéi Residenten. Oder anescht ausgedréckt: bal d’Hallschent vun de Salariéen wunnt net hei.
121.000 Fransouse sinn zu Lëtzebuerg agestallt. 52.000 Däitscher an 51.000 Belsch. Vun der knapper hallwer Millioun Salariéë sinn 59 Prozent männlech.

De STATEC constatéiert, dass Lëtzebuerg mat gutt 18 Prozent Residenten, déi Deelzäit schaffen, knapps iwwer der EU-Moyenne läit. Ënnert anerem d’Reform vum Congé parental hätt dozou bäigedroen, dass méi Leit e Vollzäitkontrakt hunn an awer relativ flexibel kënne schaffen, wann et néideg ass. Nëmme siwe Prozent vun de männleche Salariéë schaffen am Temps partiel. Bei de Frae sinn et der 30. Meeschtens ass d’Famill de Grond.
Zejoert hu 34 Prozent vun de Salariéen op verschiddenen Deeg vun doheem geschafft. Déi meescht hu ganz geschafft. Den Taux vum Télétravail ass deemno ganzer 70 Prozent méi héich, ewéi virun der Pandemie.
A wéi zefridde sinn d’Salariéen zu Lëtzebuerg? D’Majoritéit, also 87 Prozent, sinn éischter oder ganz zefridde mat hirer Situatioun. A wat de Salaire ugeet, ass et eigentlech och keng Iwwerraschung, dass Persounen, déi decidéieren – Manager zum Beispill – méi dacks zefridde si mat hirer Remuneratioun. Nëmme ronn d’Hallschent vun de Baueren respektiv Chaufferen hunn uginn, hir Paie wär ugemooss.