Stad Lëtzebuerg lancéiert "Cup2Go"Eegene Becher amplaz Pabeiersbecheren - Eng 50 Betriber maache bis elo mat

RTL Lëtzebuerg
5,5 Millioune Pabeiersbechere ginn all Joer an der Stad Lëtzebuerg benotzt, an ewech geworf. D’Stad Lëtzebuerg lancéiert dowéinst d’Initiativ "Cup2Go".
© Tom Jungbluth

Hei geet et drëm z.B. säin eegene Becher fir e Kaffi matzebréngen, fir Offall ze vermeiden. Eng 50 Betriber maachen aktuell bei där Aktioun mat.

Mam eegene Becher kann de Kaffi méi bëlleg ginn, et kritt ee Stempelen op enger Fidelitéitskaart oder e klenge Cadeau, wéi e Kichelchen.

D’Stad selwer bréngt fir dës Aktioun och 2.500 Parzeläinsbecheren ënnert d’Leit. Wien esou ee wëll, ka säi Gléck probéieren an engem Concours, deen een am neie City-Magazin fënnt.

Wéi eng Caféen oder Geschäfter matmaachen, fënnt een op cup2go.vdl.lu.

PDF: Affiche

Back to Top
CIM LOGO