Zu Éiere vum Grand-Duc JeanEemolege Stempel vun der Post de 4. Mee

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Post annoncéiert fir de 4. Mee ee limitéierten Drock op Timbere mat der Foto vum Grand-Duc Jean.
© RTL Grafik

Um Dag vum nationale Begriefnes vum Grand-Duc Jean soll also en eemolege Stempel mam Grand-Duc sengem Portrait erauskommen.

Dësen Drock ass awer limitéiert a gëtt och just de 4. Mee am Post-Büro an der Stad (26A, boulevard Royal) benotzt.

Wärend dem Grand-Duc Jean sengem laangen a bedeitende Liewe war hie schonn op enger Rei Timberen ze gesinn. D'Galerie vun dësen Timbere fannt Dir hei, ugefaange mam Grand-Duc senge jonke Joren:

© Post Lëtzebuerg

Communiqué vun der Post

Back to Top
CIM LOGO