
Aktuell si 66 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 17 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 926.260 Impf-Dosisse genotzt. 6.107 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn, fir 710 Leit war et déi éischt Impfung, bei 640 déi zweet. 4.757 Opfrëschungsimpfunge goufen et zudeem.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.