Coronavirus zu LëtzebuergEen Doudesaffer gemellt, vun 3.141 Tester waren der 179 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 855 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 40 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 13 Patienten op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 854.546 Impf-Dosisse genotzt. 2.309 Leit sinn en Donneschdeg geimpft ginn. 419.875 Awunner gëllen als komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO