
Aktuell sinn 42 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 Patienten op der Intensivstatioun. Ee Patient aus der Belsch läit ausserdeem de Moment zu Lëtzebuerg op der Normalstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 838.598 Impf-Dosisse genotzt. 2.901 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn. 417.352 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Aktuell ginn et 2.220 aktiv Infektiounen, 79.554 Persoune gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,68. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Déi leschte Kéier, datt et esou vill positiv Tester gouf, war de 17. Dezember 2020.