
All Joers gëtt een Inventaire am Juli an am August gemaach, wou eng 1.200 Beem zu Lëtzebuerg kontrolléiert ginn. Zwee Drëttel vun de Beem wieren allerdéngs an engem schlechten, respektiv an engem ganz schlechten Zoustand.
No der Dréchent vun zejoert wier dat Resultat awer manner schlëmm ewéi gefaart, sot d'Ëmweltministesch. Op deem internationalen Dag wëll een ebe de Bësch als Liewensraum an als Facteur vun enger nohalteger Wirtschaft feieren.
Virun 7 Joer gouf den internationalen Dag vum Bësch agefouert. An Zukunft wier et wichteg, zu Lëtzebuerg déi richteg Beemzorten an de Bëscher ze planzen an op eng nohalteg Bewirtschaftung ouni Kahlschlag ze setzen, ënnersträicht d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Donieft wëll een d'Leit, déi d'Bëscher bewirtschaften, nach besser ënnerstëtzen. Dem Carole Dieschbourg no hätt een an deem Kontext zënter 2017 en neit Reglement, dat spezifesch eng nohalteg Bewirtschaftung ënnerstëtzt. An deem Sënn ass och dat neit Bëschgesetz ënnerwee.
Ronn 35 Prozent vun der Fläch vum Land sinn aktuell mat Bëscher bedeckt. D'Beem hunn dann och eng rei Funktiounen ewéi ënnert anerem Sauerstoff ze produzéieren, de Klimawandel ze bremsen a Partikelen aus der Loft ze filteren. Fir d'Bëscher awer nach besser z'erhalen, wier et wichteg veschidden Zorte vu Beem ze planzen, esou d'Carole Dieschbourg, dat heescht et kéint een do, wou haut Monokulturen stinn, Mëschbëscher kréien. Dat neit Gesetz ënnerstëtzt dëst och.
Och op der UNO-Ëmweltkonferenz géif ee sech wënschen, sech mat Hëllef vu Resolutiounen nach méi fir d'Bescher anzesetzen. Dat wier dëst Joer allerdéngs net gelongen, betount d'Carole Dieschbourg. Ënnert anerem well Länner ewéi Brasilien an Indonesien, déi massiv Bëscher ofholzen, géint dei weltwäit Protektioun vun de Bëscher sinn. Sou Holz géing ee net kafen.
Fir eben d'Bëscher nach besser ze schützen, gouf 2017 och e Fong, de Forestry and Climate Change Fund, vum Staat an 3 Lëtzebuerger Entreprisë lancéiert, fir de Baueren a Mëttelamerika ze hëllefen, hir Bëscher nach besser ze notzen an dës eben net ze verbrennen. Ronn 30 Prozent vun der weltwäiter Fläch sinn aktuell mat Bëscher bedeckt. Déi Fläch huet eng gréisst vun 4 Milliarden Hektar.
