
De Lëtzebuerger Walsystem huet seng Eegenheeten, dozou gehéieren d’Walflicht, d’Méiglechkeet vum Panachage, d’Andeelung vum Land a véier Bezierker an de Fait, datt mat den Auslänner bal Hallschent vun den Awunner net walberechtegt ass.
Den Nicolas Klein ass Professer op der Université de Montréal an der Université Paris-Panthéon-Assas. Hie schwätzt sech perséinlech fir d’Schafe vun engem eenzege Walbezierk aus. Hei misst een zwou Saache géinteneen ofweien. Op där enger Säit d’Representativitéit vun deene verschiddene Regiounen an op där anerer Säit déi vun deene verschiddene Parteien. Duerch véier Walbezierker wieren déi kleng Parteien ze vill benodeelegt, déi geografesch Representativitéit kéinten d’Wieler an engem eenzege Bezierk nach ëmmer selwer bestëmmen. En plus wier dee Punkt haut och net méi esou wichteg.
“Zum Beispill meng Bomi war vun der Musel a mäi Bopi war vun Déifferdeng, do sinn zwou Welten openee geprallt, souzesoen. Haut sinn déi regional Ënnerscheeder net méi sou gravéierend, datt ee ka mengen, datt vläicht d’Proportionalitéit méi staark weit.”
Wann de Grand-Duché weider a Walbezierker opgedeelt sollt bleiwen, plädéiert de Nicolas Klein derfir, datt d’Zuel vun de Sëtz pro Bezierk weider opgrond vun der gesamter Populatioun a net just vun de Walberechtegten definéiert sollt ginn. Dat wier den internationale Standard. Ganz anerer Meenung ass do den Henri Schmit, Auteur vum Buch “Comment réformer le système électoral?”.
“Den Deputéierten, de Legislateur, representéiert déi Leit, déi stëmmen däerfe goen. An an all eise Systemer, an all eise Länner, kënnen déi Leit stëmme goen, déi d’Nationalitéit hunn an net déi, déi de Passage sinn, oder déi vläicht och scho méi laang am Land sinn, mee keen Interêt haten, fir d’Nationalitéit unzefroen.”
Dobäi kéim, datt Lëtzebuerg den Zougank zur Nationalitéit zimmlech liberal handhabe géif. D’Argument, datt d’Chamber Decisiounen hëlt, déi och déi auslännesch Residente betreffen, léisst den Henri Schmit net gëllen. Wann een d’Zuel vun de Sëtz pro Bezierk no der Zuel vun de Walberechtegten opdeele géing, géif den Oste vu 7 op 8, den Norde vun 9 op 11 an de Süde vun 23 op 24 klammen. Den Zentrum par Konter vun 21 op 17 Sëtz falen.
Den Henri Schmit huet och berechent, wéi vill Sëtz d’Parteien no deem System dëst Joer kritt hätten. CSV an DP hätten zwar nach ëmmer eng Majoritéit, mee déi Chrëschtsozial géinge vun 21 op 20 an d’DP vu 14 op 13 falen. D’LSAP hätten zwee Sëtz vun 11 op 13 an déi Gréng ee vu 4 op 5 bäigeluecht. Déi Lénk hätten iwwerdeems just een amplaz vun 2 Sëtz kritt. D’ADR an d’Pirate wieren hirersäits och an deem alternative System bei 5 respektiv 3 Sëtz gelant.
Liest dozou och: Wéi géing d’Chamber mat engem eenzege Bezierk ausgesinn? 2 Experten, 2 Meenungen