TherapieEen Temoignage iwwer Panikattacken

Christophe Hochard
De Francis Hoven ass zanter dem Februar vun dësem Joer mat Angschtzoustänn a Panikattacke geheit.
Panikattacken
En Temoignage

De jonke Mann vu 24 Joer duerchlieft ablécklech eng schwéier Zäit. Am Ufank vun dëser Krankheet huet hie sech komplett vun der Baussewelt isoléiert. Mat Hëllef vu Medikamenter an enger Psychotherapie versicht de Francis, zréck an d’Liewen ze fannen. Eemol d’Woch geet hie fir eng Stonn bei e Psychotherapeut. D’Famill, d’Frënn an de Mupp ënnerstëtzen hien. Zäitdrock wëll hie sech net maachen. Kënnt eng Panikattack, versicht de geleierten Educateur roueg ze bleiwen.

Fir d’Psychotherapeutin Catherine Richard gëtt et keng A-typesch Hëllef an esou engem Fall. All Mënsch wär individuell a jidderee géif aneschtes op eng Therapie reagéieren.

Back to Top
CIM LOGO