Den 30. August 1942 hunn déi däitsch Besatzer decidéiert, datt Lëtzebuerger Männer vun de Joergäng 1920 bis 1924, spéider bis 1927, an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert sollte ginn. Vill vun deene Betraffenen hunn dat refuséiert a sech verstoppt, fir dem Militärdéngscht ze entgoen. Dat zum Beispill op Bauerenhäff an an de Bëscher ronderëm Ëlwen am Éislek. Ma well d’Stoppe mat der Zäit gutt gefëllt waren, gouf no Méiglechkeete gesicht, fir ze flüchten. Am Fréijoer 1944, also viru genee 80 Joer, goufen dräi gréisser Gruppen iwwert d’Kléngelbaach an d’Belsch geschleist. Fir dorunner ze erënneren, gouf 2006 de Sentier des passeurs an d’Liewe geruff. De Marc Hoscheid war bei enger Visitt am héijen Norde mat derbäi.
Bei beschtem Wanderwieder huet de Grupp vu ronn 15 Leit sech um 10 Auer vun der Ëlwener Gare aus op de Wee gemaach. Ongeféier aacht Kilometer laang ass den Tour, deen zum Deel genee iwwert dee Wee féiert, deen d’Passeure virun 80 Joer gaange sinn. Ee Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht, iwwert dat laang net geschwat gouf.
Jean Stephany (Lokalhistoriker)
“Ons Jongen, dat war ee feste Begrëff direkt nom Krich. Ons Jongen, ons Meedercher sinn net genannt ginn, et waren awer och Meedercher, déi agezu goufen. An dat hat eng ganz politesch Nues. Fir et einfach ze formuléieren, déi ware mat där deemoleger Regierung, Bech-Dupong, a ville Punkten, wat de Krich ugaangen ass, net d’Accord. Dat ass lo een anere Problem. An doduerch ass vun offizieller Säit näischt geschitt.”
Dat ass mëttlerweil anescht. Och wann dee leschten Zäitzeie scho virun e puer Joer gestuerwen ass, ass d’Erënnerung un d’Passeuren nach ganz lieweg. Deen éischte grousse Grupp vu Flüchtlinge gouf an der Nuecht vum 19. op den 20. Abrëll 1944 iwwert d’Grenz bruecht.
“Den 20. Abrëll war dem Hitler säi Gebuertsdag. An de Büro vun den däitschen Zöllner zu Biwesch war just nieft engem Café. An dir kënnt iech jo virstellen, datt déi däitsch Zaldoten, déi däitsch Grenzpolizisten, de Gebuertsdag vun hirem Führer hu musse feieren, vläicht och gäre gefeiert hunn. A da ware se deen Owend vläicht net grad sou opmierksam oder pénktlech, wéi se hätte solle sinn. An duerfir haten déi Passeure grad deen Dag erausgewielt.”
Bei de Participanten hunn d’Erklärungen an d’Randonnée u sech hir Wierkung op alle Fall net verfeelt.
“J’ai beaucoup appris, j’étais vraiement très content avec le guide et tout ce que j’ai vu jusqu’à maintenant.”
“Ech hu mer bëssi virgestallt, wéi se deemools hei am Däischteren, et war kal, vläicht louch och Schnéi, an och mat 17 Joer, déi Strapazen op sech geholl hunn, fir anere Leit ze hëllefen. Also d’Héngerhaut ass mer ausgaangen. “
Zu Biwesch gëtt iwwerdeems un déi Membere vun der Famill Kremer erënnert, déi de Courage vum Passeur Aloyse Kremer mat hirem Liewe bezuelt hunn. Den Naturpark Our organiséiert nach déi nächst dräi Sonndeger jee eng Randonnée guidée um Sentier des passeurs. Tickete gëtt et um Internetsite vum Naturpark ze kafen. Hëllef fir Leit an Nout, ee Sujet, deen an Zäiten, wou nees Krich an Europa ass, ganz aktuell schéngt.