"Hei zu Lëtzebuerg hu mer Gott sei Dank e gesonden Dialog, wou ee matenee ka schwätzen". Dat sot den Ernest Pirsch e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De Coordinateur vum „House of Automobile“ ass der Meenung, dass et net just déi eng Alternativ géif ginn, wat d’Auto-Mobilitéit ugeet.
Den Diesel-Skandal aus de leschte Joren hätt natierlech zu enger gewësser Skepsis gefouert, sou dass d’Automobil-Industrie nees méi op Bensinner gesat huet an déi Technologie och nees moderniséiert huet.
Et wier awer och kloer, dass d’Diskussioun ëm d'Schuedstoffer beim Diesel misst oppe gefouert ginn, am beschten op EU-Niveau.
Fuerverbueter, wéi beispillsweis zu Stuttgart, wat d’Stad eleng decidéiert hätt, géifen op alle Fall näischt bréngen. Et wier nach ëmmer sou, dass an där Diskussioun Ausso géint Ausso géif stoen. D’Associatioun vun den däitsche Longendokteren hat jo rezent eng Etüd publizéiert, déi weise géif, dass déi ominéis NOX-Wäerter guer net sou schiedlech wieren, wéi dat alt emol duergestallt gëtt, sou den Ernest Pirsch.
Mat der neier Regierung géif een iwwerdeems gutt fueren. Et wier kloer, dass een net ëmmer op enger Linn géif leien, mä den Dialog wier eben do, an dat sollt och esou bleiwen.
E Méindeg de Moie war de Coordinateur vum "House of Automobile" a Garagist eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.