
Wien deslescht awer vill op gréisseren Evenementer ënnerwee war, deem kéint opgefall sinn, dass e säi Gedrénks awer am Plastiksbecher krut. An domat sinn elo net déi Becheren aus haardem Plastik gemengt, déi een ëmmer rëm benotze kann. Mir schwätze vun de ganz banale Plastiksbecheren, déi een an d’Poubelle gehäit, soubal een ausgedronk huet.

Mir wollte vum Ëmweltministère wëssen, ob et tatsächlech nach eng gewëssen Toleranz vis-à-vis vum Eewee-Plastik gëtt oder ob d’Distributioun dovunner verbueden ass. D’Äntwert ass kloer: “Mir kënne bestätegen, dass et sech beim Benotze vu Plastik-Eeweebecheren ëm e Verstouss géint d’Gesetz handelt.”
Bei ëffentlechen Evenementer läit et um Organisateur, sech ëm Alternativen ze këmmeren. Dësen ass bei engem Verstouss dann och responsabel a muss mat enger Geldstrof rechnen.
Am allgemengen hätten eng sëlleg Organisateure grouss Efforte gemaach, fir hir Evenementer reegelkonform ze organiséieren an hätten dëst och erfollegräich ëmsetze kënnen, wéi den Ëmweltministère feststellt. Et géifen awer och eng Partie Komplikatioune ginn, déi de Ministère mat enger objektiver Bestandsopnam analyséiere wëll.
Fir d’Organisateuren um Wee op méi ëmweltfrëndlech Léisungen ze ënnerstëtzen, ginn et vum Ëmweltministère och Subsiden, zum Beispill fir d’Uschafe vun engem Spullweenchen ze ënnerstëtzen. Wann ee mat Geschier schafft, wat e puermol benotzt ka ginn, muss dëst nämlech och kënne reegelkonform gespullt ginn.
Aktuell sinn Eewee-Alternativen zum Plastik, wéi Telleren aus Kartong oder Besteck aus Holz, nach erlaabt. 2025 sinn dann allgemeng all Eewee-Produite verbueden, sou dass et sech fir Organisateure méi lount, direkt op Becheren, Telleren a Besteck ëmzeklammen, wat een ëmmer rëm benotze kann.
Wat aktuell nach erlaabt ass a wat net, kann een op nullofall.lu noliesen.
