An Zäite vu Manktem un Aarbechtskräft recommandéiert d’Lëtzebuerger Industrie der Politik - en vue vun de Walen - de Géigendeel. D’effektiv Aarbechtszäit soll der Fedil no generell an d’Luucht gesat ginn. Mat der Betounung, datt een net wéilt d’legal Aarbechtszäit vu 40 Stonnen an d’Luucht setzen. An anere Wieder: D’Politik soll ophale “manner schaffen” weider ze favoriséieren, zum Beispill andeems d’legal Aarbechtszäit géing erofgesat ginn. Déi Propos vun LSAP an OGBL wier der Fedil no “irresponsabel”.
Donieft sollen d’Leit fir déi Beruffer forméiert ginn, déi gebraucht sinn. Ënnert anerem soll och besser kontrolléiert ginn, ob Krankeschäiner wouer sinn oder net.

D’Vertrieder vun der Industrie hunn och gewarnt, datt eng Re-Industrialiséierung vun der EU (déi jo vun der Politik erwënscht ass) net eleng duerch Objektiver erreecht géing ginn. De Status quo misst a Fro gestallt ginn, hei zu Lëtzebuerg zum Beispill bei de Prozeduren fir sech hei z’implantéieren. Och a Punkto Energiepolitik misst de Status quo hannerfrot ginn: ee vun de Message war, datt d’EU muss eenheetlech Mesuren op d’Präisser ënnerhuelen, amplaz vun Alleingäng an eenzele Memberstaaten.
Den Accord vun der Tripartite vum 3. Mäerz huet d’Fedil iwwerdeems begréisst. Duerch d’Bremsen op d’Energiepräisser géing d’Inflatioun gebremst ginn. Duerch d’Kompenséierung vun enger eventueller drëtter Indextranche dëst Joer hätten d’Betriber Previsibilitéit. An duerch d’Hausse vun de Netto-Revenuen wier Lëtzebuerg méi attraktiv fir Talenter.