D'Pirate wëllen an d'Chamber. Zwee Sëtz peile se un, si wëlle mat gestalten.
Si wären déi nei Partei, net virbelaascht wéi déi etabléiert Parteien an hätten d'Visioun vun engem modernen a fairem Lëtzebuerg, sot en Dënschdeg de Moien de Marc Goergen, Spëtzekandidat vun de Piraten am Süden. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Haaptsujet war d'Mobilitéit. D'Piraten hu konkret Iddien, wéi een déi am Land kéint verbesseren, zum Beispill wëlle si de Monorail, déi fix Radaren ofschafen, ee Stausystem aféieren an den ëffentlechen Transport méi performant maachen. De Marc Goergen, Spëtzekandidat fir d’Piratepartei am Bezierk Süden, war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Wat d’Gesamtkonzept vum Transport ugeet, misst ee kucken, datt d’Leit net méi ëm déi selwecht Auerzäit an d’Schoul ginn oder op d’Schaff fueren, doduercher wieren d’Stroosse saturéiert. Vill méi misst een och dezentral schaffen, heescht net nëmmen Entreprisen an der Stad usidelen. Eng aner Propos vun de Piraten ass et, datt de gratis ëffentlechen Auto-Transport iwwert eng Vignette couvréiert géif ginn. Déi géifen och Frontalieren an Touriste musse bezuelen.
D’Grenzgänger solle schonn op der anerer Säit vun der Grenz ofgefaange ginn, an de Gebidder wou d’Leit och wunnen, amplaz se op d’Park & Riden fueren ze loossen. Esou géif et awer Trafic ginn.
Wat d’Bezierker ugeet, sinn d’Piraten dofir, datt et een eenzege Walbezierk géif ginn. D’Partei mengt, datt dann d’Leit unhand vun hire Kompetenze géife gewielt ginn. Den Norden an Osten wieren dann och net méi ënnerrepresentéiert, wéi dat elo de Fall ass.
D'Mobilitéit dominéiert dës Woch op RTL – zwou Woche virun de Walen. D'Piraten hu sech an hirem Programm villes afale gelooss ...
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.