KlimawandelEis Bëscher si voll am Stress

Jean-Marc Sturm
Et kënnt een net derlaanscht, sech unzepassen an nei Zorte Beem ze planzen, déi méi resistent géint Hëtzt an d'Dréchent sinn.
Klimawandel: Eis Bëscher si voll am Stress
Et kënnt een net derlaanscht, sech unzepassen an nei Zorte Beem ze planzen, déi méi resistent géint Hëtzt an d’Dréchent sinn.

Wier do net d’Wëld, dat sech massiv bei de jonke Planzen zerwéiert. Fir dass eis Bëscher iwwerhaapt d’Chance hunn, sech ze verjéngen, kréien d’Jeeër d’Hand ausgestreckt vu Privatbëschbesëtzer, Organisatioune wéi Natur an Ëmwelt, Mouvement écologique oder nach Hëllef fir d’Natur.

Bësch am Stress/Reportage Jean-Marc Sturm

Den Appell riicht sech an engems un déi nächst Regierung. Déi lescht 5 Joer ware wéi een Tsunami fir d’Bëscher.

Engem leschten Inventaire no si wäit iwwer 60% vun alle Beem an eise Bëscher däitlech oder esouguer staark beschiedegt. Nëmmen nach eppes iwwer 14% sinn nach wierklech gesond, 12% si scho carrement ofgestuerwen.

Kuckt nëmmen d’Bëscher mat Fiichten am Éislek, déi sech méi rar maachen. Am Guttland leiden ënnert anerem d’Buchen, well se dem Klimawiessel net méi gewuess sinn.

Et muss konsequent op ee Verjénge vun eise Bëscher gesat gi mat neien an ënnerschiddlechen Zorte Beem a Planzen an do si mir scho bei der nächster Erausfuerderung.

Et muss eppes géint ze vill Wëld am Bësch ënnerholl ginn, well den Appetit vun deene Béischten op Käschte vun de jonke Beem an Hecken geet, esou de Roger Schauls vum Mouvement écologique.

Et ass bal onméiglech, jonk Planzen aus der Natur nach eropzekréien, well d’Densitéit vu Réi an Hirsch virun allem esou grouss ginn ass, dass se eigentlech alles ewechfriessen. A mat de jonke Planze verléiere mir natierlech de Bësch vun der Zukunft. Mir mussen dréngend déi Densitéit vum Wëld erofkréien, well soss gesinn eis Kanner net méi dee Bësch, dee sou wéi sou elo scho ganz staark bedroht ass.

D’Privatbëschbesëtzer, deene méi wéi d’Hallschent vun der Bësch-Surface am Land gehéiert, hunn d’Rechnung gemaach. An den nächste Joer misst ee bis zu 750 Milliounen Euro fir eis Bëscher an de Grapp huelen.

250 Millioune fir d’Usetze vun neie Beem a Planzen. Plus, wann näischt géint den héije Wëldbestand gemaach gëtt, iwwer 10 Joer ronn 500 Milliounen Euro, fir déi jonk Planze mat am ganzen iwwer 10.000 Kilometer Protecktiounszonk oder Gaînen viru verfroossene Wëllschwäin, Hirschen, Réi oder nach Muffelen ze schützen. An dowéinst een duebelen Appell: Een un d’Jeeër, fir Hand an Hand géint ze vill Wëld aktiv ze ginn an un d’Regierung, fir d’Juegd méi realitéitsno nei ze reguléieren.

Beispill d’Juegdzäite bis méi spéit an d’Nuecht verlängeren oder nach d’Bëschrou opginn, fir d’Juegd op Réi an Hirsch bis an de Januar ze verlängeren.

Back to Top
CIM LOGO