Seng Equippe kënnen 53.000 PCR-Tester d'Woch am Kader vum Large Scale Testing maachen. Dat sinn der 9.500 pro Wochendag a 5.000 samschdes. Dobäi kommen ongeféier 3.500 diagnostesch Tester den Dag. Dat sinn déi Tester fir Leit mat enger Ordonnance vum Dokter.
Mat der zweeter Covid-Well ass den Undrang op d'Statiounen, wou där Tester gemaach ginn ëmmer méi grouss ginn. De Weekend gouf et am Drive-In Zenter vun de Laboratoires Réunis zu Jonglënster jo eng laang Schlaang. De Bernard Weber annoncéiert dofir en neien Drive-In-Zenter zu Stroossen, deen Enn November soll opmaachen, an deen och geduecht wär fir Leit, déi eng Ordonnance vum Dokter hunn.
Da kéim och nees en Zenter bei d'Zitha-Klinik. Déi ass jo zou, dofir kënnt e Container op déi Plaz, esou den Direkter vun de Laboratoires Réunis. Dee géing och schonn an den nächsten Deeg bereet stoen. Um Kierchbierg gëtt et och eng Teststatioun virum Spidol.
An och zu Hesper an der Filial vun de ''Laboratoires Réunis'' kann ee sech op Covid19 teste loossen. Grad wéi zu Miersch (14, Place St. Michel) an zu Maarnech am Labo hätt een d'Testkapassitéiten fir Covid-19 vervéierfacht, esou nach de Bernard Weber.
Et wéilt een d'Capacitéite weider an d'Luucht setzen, esou den Direkter. Hie präziséiert awer, dass d'Laboratoires Réunis quasi an allen Beräicher op hir Grenze stoussen. Virop géif d'Personal fir déi vill Aarbecht esou lues knapps ginn. Zwou nei Maschinne fir bis zu 2.500 Tester den Dag auszewäerten an dat relativ autonom, wäre bestallt.
Dobäi kënnt en informatesche Problem: bei Dausende SMSen, déi all Dag misste verschéckt ginn, riskéiert een do blockéiert ze ginn, erkläert de Bernard Weber.
