Optakt e SonndegÉischt Editioun vum Croisières-Salon um Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
Um Kierchbierg war e Sonndeg déi éischt Editioun vun engem spezielle Salon fir Croisièren.
Éischt Editioun vum Croisières-Salon um Kierchbierg
Um Kierchbierg war e Sonndeg déi éischt Editioun vun engem spezielle Salon fir Croisièren.

Rees-Agencen a international Reedereien hunn hei déi aktuellsten Offere presentéiert.

Allgemeng huet den Tourismussecteur ënnert der Corona-Pandemie gelidden. D’Croisièrë ware mat am stäerkste betraff, soen d’Experten aus dem Secteur.

2022 hätten d’Clienten nach e bëssi gezeckt, fir eng Croisière ze buchen, soen d’Reesagenten. Ma elo géingen den Interessi an och d’Reservatiounen nees an d’Luucht goen.

De Croisières-Salon ass op d’Initiativ vun zwou Lëtzebuerger Reesagencen organiséiert ginn. Zesumme mat hiren internationale Partner hunn si déi neiste Vakanzen-Offere presentéiert.

Back to Top
CIM LOGO