175 Joer Lëtzebuerger VerfassungÉischt national Constitutioun den 28. Abrëll 1848 opgesat

RTL Lëtzebuerg
Fir den 175. Gebuertsdag vun der Verfassung ze feieren, war a Presenz vum Grand-Duc Henri e Freidegnomëtteg eng grouss Scéance académique zu Ettelbréck.

Erënnert gëtt un den 28. Abrëll 1848. Deemools hate sech d’Deputéiert an der Schoul zu Ettelbréck versammelt, fir an engem Kader vu groussen europäeschen Onsécherheeten, haaptsächlech a Frankräich, eng éischt national Constitutioun opzesetzen. Inspiréiert gouf sech deemools un där aus der Belsch. Festgeschriwwe goufen ënnert anerem eng éischte Kéier d’Rechter op Fräiheet, fräi Meenungsäusserung a Pressefräiheet. De Grand-Duc, deen deemools och Kinnek vun Holland war, krut seng Rechter duerch d’Chamber limitéiert. Zanterhier beweegt sech de Grand-Duché ënnert der Form vun enger konstitutioneller Monarchie.

Vum 1. Juli u gëllt déi nei Versioun vun der Constitutioun. All Stot kritt an deem Kontext eng gedréckte Versioun vun der neier Verfassung heem geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO