Adhoc - Gemeinschaftlecht WunnenÉischt Residenz soll 2020 um Kierchbierg entstoen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Mëtteg huet d'Adhoc hier Initiative fir gemeinschaftlech wunnen zu Lëtzebuerg presentéiert.

Zanter 4 Joer schafft d’Cooperativ op en méi faire Lëtzebuerger Wunnraum hin. Eng éischt Residence soll d’nächst Joer um Kierchbierg gebaut ginn.

Et ass deen éischte Wunnprojet an deem Stil zu Lëtzebuerg. Eng Wunngemeinschaft um Kierchbierg mat Fokus op d’Theme gesond soziaalt Liewen, Ëmweltbewosstsinn, a käschtenspuerendende Wunnraum.

35 Wunnenge sinn um Terrain vum Kierchbierg Fong geplangt. Dobäi kënnt nach en Co-working Space fir kreativ Entreprisen aus dem Graphik-Beräich.

En klengen ökologesche Restaurant soll och dobäi kommen. D’Produiten um Teller sollen hei och zum Deel vun enger Zär um Daach kommen. Ma nieft den ideale Commercë fir eran, sicht een nach no motivéierte Leit.

Ufanks d’nächst Joer fänkt ee mam technesche plangen un. Mat baue well ee 6 Méint méi spéit ufänken. D’Haaptzil vum neie Wunnprojet ass et eng stabil Communautéit ze schaffen. D’Kommunikatioun ënnert de Leit wier wichteg.

D’Wunnenge stinn net zum Verkaf. Et kann een se lounen nodeems een Deel vun der Adhoc-Kooperativ ass. D’Bauaarbechten hunn zwar nach net ugefaangen, ma et ass ee motivéiert de faire Wunnraum zu Lëtzebuerg auszebauen.

Back to Top
CIM LOGO