Um ale Site vun Heintz Van LandewyckÉischt Solarpannoe "Made in Luxembourg"

Monica Camposeo
E Mëttwoch gouf d'Firma "Solarcells" gegrënnt. Et ass déi éischt Entreprise, déi am grousse Stil hei zu Lëtzebuerg Solarpannoe produzéiere wäert.
Solarepanneauen made in Luxembourg
E Mëttwoch gouf d’Firma Solarcells gegrënnt. Et ass déi éischt Entreprise déi am grousse Stil hei zu Lëtzebuerg Solarpannaue produzéiere wëll.

Eng 100.000 Solarpannoe sollen an Zukunft pro Joer hei zu Lëtzebuerg produzéiert ginn. Dat ass ee Fënneftel vun all de Panneauen, déi hei am Land installéiert ginn.

De Lëtzebuerger Betrib SOCOM huet sech mat der belscher Firma Enocells zesummegedoen, fir dës Solarpannoe op zwee Sitten hei an an der Belsch ze produzéieren. Hei am Land soll déi nei Fabrick am September zu Hollerech um ale Site Heintz Van Landewyck opgoen, eng 5 Milliounen Euro soll an de Projet investéiert ginn.

Eng 20 Leit wëll SOCOM dofir nach zousätzlech astellen. Vun 2026 u soll d’Produktiounskapazitéit eropgesat ginn. De Site zu Hollerech ka fir déi nächst siwe Joer genotzt ginn.

Genee esou Projete wéilt ee weiderhin zu Lëtzebuerg implantéieren, esou den Wirtschaftsminister Franz Fayot. Et wéilt een an Zukunft de Fokus op d’Nohaltegkeet vu Betriber setzen. Eng 15 Demanden hätt de Ministère den Ament opstoen.

Den Energieminister Claude Turmes huet den Interessi vun de Solaranlage géintiwwer der Presse ervirgehuewen. D’Produktioun zu Lëtzebuerg géing sech dowéinst elo fir eng Entreprisë wéi SOCOM lounen. Ee Panneau soll am Verglach mat der Konkurrenz aus dem asiatesche Raum ëm 15 bis 18 Euro méi deier sinn, ma dofir wéilt een awer eng Qualitéit bidden, mat där et méiglech soll sinn, méi Stroum ze produzéieren, esou de SOCOM-President Marc Thein. Duerch d’Zesummenaarbecht mat der belscher Firma Evocells wëll een d’Akeef vun de Matières Premières regroupéieren an d’Liwwerkette sécherstellen. Doriwwer eraus soll Wäert op Produiten aus Europa geluecht ginn.

PDF: D'Schreiwes vum Ekonomie- an Energieministère

Back to Top
CIM LOGO