Fir 60.000 Kanner ass en Donneschdeg d’Schoul nees ugaangen, e Freideg respektiv e Méindeg geet et och fir gutt 50.000 Schüler am Lycée nees lass. Dorënner och nees eng ganz Rei Kanner a Jonker, déi zanter der russescher Invasioun aus der Ukrain hu misse flüchten. Eng 1.200 bis 1.300 ukrainesch Flüchtlingskanner géingen dëst Joer nees zu Lëtzebuerg an d’Schoul goen, seet d’Kateryna Fomenko vun der Associatioun LUkraine, ongeféier d’selwecht vill wéi virum Summer.
“Verschidde Famille si wärend dem Summer an d’Ukrain zréck gaangen, mee net sou vill. Vill vun hinne si just fir e puer Woche gaangen, fir de Papp ze gesinn an da si se fir d’Schouljoer zréckkomm, well fir an der Ukrain an d’Schoul ze goen, wier schwéier. Nëmmen d’Schoulen, déi Plazen hu fir sech virun de Bommen ze verstoppen, sinn op. A wann en Alarm ass, mussen se all an de Schutzraum, de Cours gëtt also déi ganzen Zäit ënnerbrach. Dat heescht wann d’Elteren d’Méiglechkeet hunn, hei ze bleiwe fir d’Schouljoer, maache se dat.”
D’Kateryna Fomenko géing ganz gutt Echoe vun den Eltere kréien, de Kanner géing et gutt hei an der Schoul gefalen.
D’Alexandra Ananyeva ass zanter Abrëll mat hire Kanner zu Lëtzebuerg. Si ass frou, datt si en Appartement zu Mamer fonnt huet, wou si virdrun an enger Gaaschtfamill waren an d’Kanner nees do kënnen an d’Schoul goen. Hire Mann ass nach ëmmer zu Kiew.
“Natierlech verlaangeren d’Kanner no hirem Land, no hirer Stad, no hirem Papp, no eisem Liewen dohannen. Well mir haten e ganz glécklecht Liewen. Ech sinn hinne ganz dankbar, datt si staark genuch sinn, fir ze verstoen, datt et haart Momenter a Misär gëtt, déi een iwwerwanne muss.”
RTL News: Grondschoul: Fir 60.500 Kanner an hir knapp 6.700 Enseignanten ass d’Rentrée