Wie steet am beschte mat 4 Féiss an enger suppeger Wiss an dréit dozou bäi, dass déi ganz natierlech ka bewirtschaft ginn? Am Sirdall wollt ee schottesch Galloway-Ranner dësen Job iwwerloossen. Well déi um Enn dann awer net déi optimal Piechter waren, goufen elo karpatesch Waasserbüffelen engagéiert. Déi klénge vum Numm hier net grad sympathesch, schéngen awer esouwuel mam Sirdall, wéi och mat hirem Meeschter wonnerbar eens ze ginn. D’Monique Kater mat engem Pilotprojet, deen zwar zënter dem 1. Abrëll leeft, awer sécher keen Abrëll-Geck ass.
En ongewinnt Bild, mä dofir e Projet, deen, wat de Naturschutz ugeet, zimmlech effikass soll sinn. D'Büffele këmmere sech ëm 18 Hektar, dat heescht, se suergen dofir, dass d'Wiss laanscht d'Sir net zouwiisst, mä eng oppe Landschaft bleift. Dat hei ass en zweete Versuch, deen Hand an Hand mat der Renaturéierung geet.
Si hunn alleguerten en Numm, dem Alex Mehlen seng Kéi. Net ganz richteg, well et sinn u sech keng Kéi, mä Waasserbüffelen, an zwar där Karpatescher! An den Trapp am Sirdall ass e Matriarchat, well hei huet eng Madamm d'Soen, eng mat sexy blonder Chienne.
"D'Kou ass d'Mala, aus den Ufanksbuschtawe vun eisem Jong Maurice a sengem beschte Kolleeg de Lars, an d'Källefchen, d'Mali, kënnt vu Marie an deem senger beschter Frëndin Lily. Dat ass bei eis zu Manternach op d'Welt komm... Dat ass den 1. Lëtzebuerger Waasserbüffel."
Dem Biobauer vu Manternach seng 9 schwaarz Waasserbüffele sinn och nach ganz ëmgänglech Gesellen, ausser se gesinn e roude Mikro. Hiren Job, deen elo emol vun Abrëll bis Mëtt November geet, ass den Entretien vun e puer Hektar Land riets a lenks vun der renaturéierter Sir; eng Aarbecht, déi hinne läit, schonn eleng, well d'Wiss eng richteg Supp ass, erkläert de Philip Birget, deen de Pilotprojet fir d'Naturverwaltung am A huet.
"An der Natura-2000-Zon musse mer d'Oppeland erhalen a schützen an dat op eng douce Aart a Weis, duerch Beweedung. Mat engem Trakter geméit, bréngt vill Kollateralschied, wou Mais an Insekte stierwen. Dofir brauch een eng adaptéiert Aart, respektiv Rass, an dofir hu mer de karpatesche Waasserbüffel erausgesicht, deen d'Flächen e groussen Deel vum Joer soll beweeden an op halen."
Virun e puer Joer stounge Galloway hei, mä déi waren no enger Zäit net esou gutt drop... Och Naturschutzprogrammer wéi de Projet hei am Sirdall brauchen e Suivi an eng responsabel Gestioun, soss kënnen och déi schif goen. De Philip Birget erënnert sech:
"De Feeler ass komplex. Op ganz naasse Plazen huet ee verschidde Parasitten, de Pansen- an de Leberegel, deen ass net just op Kéi, mä och op Réi a Schwäin an iwwerall do, wou déi op enger Plaz lafen an et e bësse méi fiicht ass. Dee spezielle Parasit brauch och e Schleek a sengem Zyklus, deen d'Kéi ophuelen. E muss mat engem spezielle Medikament behandelt ginn, an déi Kéi, déi virdrun hei waren, goufen zwar behandelt, mä net mam richtege Medikament."
Och déi méi resistent Waasserbüffele kéinten esou e Parasit kréien, mä duerch regelméisseg Kontrollen an Analyse gëtt méi Schlëmmes verhënnert. Zu 9 op 18 Hektar, dat misst klappen, och wat d'Qualitéit vum Waasser aus der Sir ugeet. Dee meeschte Knascht vum Findel leeft jo, wann e leeft, am Wanter an d'Baach. Eis Büffelen hunn iwweregens och Krunnewaasser, jee no Gusto.