Méigleche Schued vun 200 Milliounen EuroGréisser Perquisitiounen, ënnert anerem beim Geschäftsmann a Promoteur Kindy Fritsch

Roy Grotz
Et soll ënnert anerem ëm Abus de biens sociaux, Blanchiment, Bedruch, Verontreiung vu Gelder, Fälschung an de Gebrauch vu gefälschten Dokumenter goen.
© Archiv-Photo RTL

Tëscht dem 10. a 15. Juni goufen et gréisser Perquisitioune beim Geschäftsmann a Promoteur Kindy Fritsch, Enkelkand vum Grënner vum Cactus, dee sengem eegene Profil op Social Media no och a Monaco baséiert ass.

Wéi et heescht, goufen et Perquisitiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland. Concernéiert si sechs Persounen, dorënner de Kindy Fritsch, déi am Verdacht stinn, eng ganz Partie Infraktioune begaangen ze hunn, dorënner Abus de biens sociaux, Blanchiment, Bedruch, Verontreiung vu Gelder a Fälschung an de Gebrauch vu gefälschten Dokumenter.

Doriwwer eraus goufen et Enquêten an am Ganze 27 Societéiten, dorënner Banken a Gesellschafte fir Liewensversécherungen. Alles an allem geet et ëm e méigleche Schued vu méi wéi 200 Milliounen Euro. Bei de Perquisitioune goufen och Saisië gemaach.

Hei am Land sollen et virun allem Mesuren an der Stad, am Zentrum an am Norde vum Grand-Duché gi sinn. Am Ausland goufen et ënnert anerem Perquisitiounen a Monaco, an der Schwäiz an an der Belsch.

Ewéi d'Justiz RTL confirméiert huet, waren déi am Zesummenhang mat senger Gesellschaft "Greenfinch Capital Management", déi viru genee 2 Joer Faillite gemaach huet, mee och mam entspriechende Gesellschaftskontrukt.

E Prozess géint de Kindy Fritsch an ee vu sengen Associée sollt iwweregens en Dënschdeg d'lescht Woch ugoen, mee gouf verluecht. Béid kréien hei Bedruch a Fälschunge virgeworf.
De Lëtzebuerger Investitiounsfong soll dobäi e Schued vun iwwer 200 Milliounen Euro erlidden hunn.

Aus dem Handelsregëster an Urteeler an de leschte Jore liest een eraus, datt aner Gesellschafte vum Kindy Fritsch och Faillite gemaach hunn oder reorganiséiert goufen. Ausserdeem geet ervir, datt se dem Enregistrement an anere Gesellschafte a Milliounenhéicht Sue schëlleg sinn.

De Familljeministère, d'Direktioun vun der Santé an d'ADEM si staatlech Locatairen an engem vun de Bureausgebaier zu Hamm, déi de Gesellschafte vum Kindy Fritsch gehéiert hunn. Ewéi et an der Äntwert vum Finanzministère op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP am Februar d'lescht Joer geheescht huet, wieren d'Proprietären net Faillite an en Dominoeffekt fir d'Administratioune wier zu deem Ament net z'erwaarden.

D'Enquête an dësem Fall leeft nach, et gëllt dohier wéi gewinnt d'Présemption d'innocence bei de concernéierte Leit.

Communiqué de presse du parquet de Luxembourg en relation avec une enquête portant sur un préjudice estimé à plus de 200 millions d’Euros (15.06.2026)

Back to Top
CIM LOGO