
No der Ouschtervakanz ass dowéinst de Schoulhaff zougemaach ginn. D’Alternativ léisst ze wënschen iwwreg an d’Elteren hoffe fir hir Kanner, datt sech do eppes deet. D’Claudia Kollwelter huet mat enger vun de Representante vun den Eltere vun de Schoulkanner geschwat.
Eng betonéiert Fläch mat engem Zonk ronderëm aus Chantiers-Clotûren, respektiv där niddreger, wéi se zum Beispill fir den ING-Marathon opgeriicht ginn. Dat war d’Ausgankssituatioun vum neie provisoresche Schoulhaff, déi d’Eltere scho mol veronséchert huet.
“D’Kanner kënnen theoretesch iwwert oder ënnert déi Gelänner klammen a fortlafen”, gëtt d’Elodie Girault ze Bedenken. “Zum Gléck sinn d’Kanner disziplinéiert an d’Léierpersonal maachen hir Aarbecht gutt, fir d’Kanner am Schoulhaff ze halen.”
D’Elteren hunn net schlecht gestaunt a gefuerdert, datt eppes méi gemaach gëtt. D’Elodie Girault erkläert, datt dräi Wochen drop sech alt wéinstens bëssen eppes gedoen huet: “Déi puer Backe mat Beemercher, [...] Bänken a kleng Molereien um Buedem an zwee Basketskierf.”
Wann et reent oder knuppeg waarm ass, hunn d’Kanner keen Ënnerdaach: “D’Kanner aus dem Cycle 1 bleiwen dobannen, wann et reent.”
D’Eltere fuerderen, datt sech eppes deet, och wann et just eng Iwwergangsphas ass: “Et ass eng Situatioun, déi op d’mannst bis 2024 dauere wäert an et ass näischt virgesinn, och wann et just temporär Konstruktioune sinn, déi méi acceptabel sinn.”
De Quartier vum Kiem ass an de leschte Joren immens gewuess, an d’Schoul ze kléng ginn. Vill Kanner sëtzen dowéinst a Containere ronderëm d’Haaptgebai. An och de Foyer ass ze kleng ginn, a verschidde Kanner mussen dowéinst all Daach mam Bus an en anere Quartier bruecht ginn. Alles keng ideal Situatiounen, bekloen sech d’Eltere weider a verlaange vun der Stad Lëtzebuerg, datt eppes geschitt.
Dat sot den neie Stater CSV-Schäffen fir Enseignement, de Paul Galles am RTL-Interview. Et hätt an de leschte Joren en Ustuerm op d’Schoul ginn an dat aus verschiddene Grënn:
Mir woussten net wéi vill Leit genee an de Quartier wunne kommen, mir hunn de Moment manner wéi 30% Frequentatioun an der Schoul, an de Moment och Kanner aus 3 aner Quartieren, dem Kierchbierg, Weimeschkierch a Weimeschhaff.
Ronderëm d’betonéiert Fläch déi als temporärer Schoulhaff geduecht ass sinn Chantiers-Clotûren:
Déi déngen als Schutz, dat ass am Fong positiv geduecht.
Den normale Schoulhaff soll dann och erëm vun der Allerhellegevakanz u genotzt ginn, huet de Paul Galles nach betount. An op laang Dauer komme jo dann och nach nei Schoulen bäi:
Am PAP Laangfuer an am PAP Kuebebierg Schoulen a Foyeren bäigebaut ginn. An dat ass eng Perspektiv. An de Foyer Scolaire gëtt déi Neiduerfer Schoul ëmgebaut, datt se och vun de Kiemer Kanner ka genotzt ginn an dat ass fir Januar 2024 prett.
Den neie Schäffen fir Enseignement wëll sech d’Situatioun um Kiem awer och mol selwer ukucken an ass bereet, sech d’Doleancen vun den Elteren unzelauschteren. De Paul Galles wäert de Kontakt mat hinne sichen a sou séier wéi méiglech eng Reunioun organiséieren.