Sti bei der lokaler Organisatioun vun der Grondschoul d'Intresse vum Kand am Mëttelpunkt? Oder dominéieren éischter wirtschaftlech Facteuren? Gëtt d'Schoul mat genuch Wäitsiicht organiséiert? Gëtt genuch Wäert op eng gewëss sozial Mixitéit geluecht? Wei steet et ëm d'Ëmfeld, ronderëm d'Schoul?
Froen, déi eng Rei Eltere vun der Stater Gare am Kader vun enger geplangter Schoulorganisatioun an hirem Quartier opwerfen. D'Fusioun vun zwou Schoule gouf zwar op Äis geluecht, grondsätzlech Froen bleiwen awer.
D'Michel-Welter-Schoul ass Haut nieft där an der Rue du Commerce an enger weiderer an der Adolphe Fischer, eng vun dräi Grondschoulen op der Stater Gare, eng reegelrecht Quartiersschoul. E relativ kléngt Gebai, wat 1975 seng Dieren opgemaach huet.
"Mir wunnen hei direkt niewendrun. Et ass iwwersichtlech. D'Kanner kënnen hei Cycle-iwwergräifend zesummeschaffen. Et sinn och ëmmer erëm Schoulprojeten, déi d'Kanner an och d'Eltere mat implizéieren" sou de Carlos Paulos, Elterevertrieder vun der Garer Grondschoul
Eng iwwersichtlech Schoul, an där d'Kanner vum Cycle 2 bis 4, awer och d'Eltere sech kennen, sech mat abannen. Grad dat soll erhale bleiwen an net enger Reorganisatioun zum Affer falen. D'Mobilisatioun vun den Elteren ass an der Stater Gemeng net op daf Ouere gestouss.
"Mir huelen dat zur Kenntnis, dat déi Elteren dat elo net wëllen" sou d'Schoulschäffen Colette Mart "Mir hunn am Prinzip de politesche Wëllen, elo net ganz schnell do eng Fusioun ze maachen."
De Schäfferot kënnt den Elteren entgéingt. Ënnersträicht awer, dat dee Schrëtt Konsequenze kann hunn, wat d'Ressourcen u Léierpersonal ubelaangt. Stéchwuert 'Contingent' am neie Schoulgesetz. Wou d'Stad Lëtzebuerg sech éischter méi flexibel awer d'Moyene gëtt, fir d'Ressource global ze kucken. An dann an der Schoulorganisatioun ze kucken, dat do, wou méi Appui néideg ass, och Ressourcen an deene Quartieren agesat ginn.
Wat d'Schoul-Organisatioun op der Gare ubelaangt, stelle sech d'Elteren en Vue vun de grousse Bau-Projeten an der Hollerecher Strooss och spezifesch Froen a puncto Schoulinfrastruktur.
"Et schéngt eis esou, als wier de Schoulplang net an de PAG integréiert. Mir gesinn, dat hei e Provisorium säit Quasi 20 Joer steet. Eis Kanner sinn a Container. Dat ass net just hei." sou den Ulrik Möller, Elterevertrieder an der Stater Schoulkommissioun.
D'Stater Schoulschäffe Colette Mart berouegt. Um Site vun der Adolphe Fischer Strooss wier eng nei Schoul fir 180 Kanner geplangt.
"Wann d'Appartementer bis do stinn, da si mir ganz gutt opgestallt a puncto Gebaier. Jee nodeem, wéi vill Kanner, kréie mer dann och d'Ressourcen."
Ganz spezifesch fir de Garer Quartier, spillt och nach déi geographesch Situatioun vun der Grondschoul an der Rue du Commerce mat. D'Colette Mart ass sech es bewosst, dat déi Grondschoul mëtten am Dräieck, Prostitutioun, Sexshop, Drogenhandel läit.
"Dat Gebai hei an der Rue du Commerce, do hunn mir keng negativ Punkten, déi mer kënne soen. D'Ëmfeld ass ganz problematesch. De Concierge muss all Moien kucken, ob Kondomen oder Sprëtzen am Schoulhaff leien" sou den Ulrik Möller.
Mat als Konsequenz, dat dee so genannte Schoultourismus déi sozial Mixitéit op d'Kopp geheie géif. Eltere géifen hir Kanner aus dem Gebai an der Rue du Commerce eraushuelen, an aner Grondschoulen umellen.
"Et ass eng Schoul, fir déi ech nach ëmmer ganz vill Sympathien hat. Well vill Problematiken do zesummekommen, déi awer ganz gutt geréiert ginn. Flüchtlingskanner, déi do an de Klassen integréiert gi sinn. Dat gëtt do gutt gemaach. Mä et ass fir Eltere villäicht net sou einfach ze soen, mäi Kand geet elo net méi an d'Michel Welter Schoul, mä an d'Rue du Commerce. Wou da ronderëm, jo et ass dee Milieu dee mer kënnen." sou d'Schoulschäffen aus der Stad Lëtzebuerg.
D'Colette Mart ass optimistesch. Dat all déi Bauprojeten ronderëm d'Hollerecherstrooss frëscht Blutt an de Quartier bréngen. De Quartier op natierlech Aart a Weis valoriséieren.