Reform vum Schoulschwamme mat Schold?Ëmmer manner Leit wiele Beruff vum Schwammmeeschter

Pierre Weimerskirch
D’Associatioun vun de Schwammmeeschtere warnt, datt mer geschwënn e Manktem vu Leit mat Meeschterprüfung kréien.
Zuel vu Schwammmeeschteren hëlt ëmmer méi of
Vill Schwammmeeschtere ginn deemnächst an d'Pensioun an et ginn der ëmmer manner, déi dee Beruff wielen.

Dat well der elo an de nächste Jore vill pensionéiert ginn an ëmmer manner de Beruff wielen. Viru kuerzem huet missen eng Schwämm zu Lëtzebuerg zoumaache well se kee brevetéierte Schwammmeeschter hat. An der Diskussioun ass och opkomm, dass et zu Lëtzebuerg schwiereg wier Leit mat Meeschterprüfung ze fannen. Fir Schwammmeeschter ze ginn, muss een eng Beruffsausbildung vun 3 Joer maachen.

D’Directrice vun der Beruffsausbildung, Véronique Schaber, schwätzt vun engem interessante Beruff, ma et géif een, wéi bei allen anere Formatiounen, déi vum Schwammmeeschter ob de Leescht huelen. Wéi eng Ännerungen do genee kommen, kéint een elo nach net soen. Fir d’ALIN wier d’Reform vum Schoulschwammen och ee vun de Grënn, dass et manner Leit ginn, déi sech fir de Beruff interesséieren.

Back to Top
CIM LOGO