VIDEO: Wëllen DreckËmmer méi Dreck gëtt am Land illegal deponéiert

RTL Lëtzebuerg
Et ass e grousse Problem an dacks ass et immens schwéier, erauszefannen, wien illegal Dreck ofgelueden huet.
Ëmmer méi Dreck gëtt am Land illegal deponéiert
Et ass e grousse Problem an dacks ass et immens schwéier, erauszefannen, wien illegal Dreck ofgelueden huet.

480 Tonnen Dreck, dat si ronn 4.000 voll Dreckseemeren. Dat ass d’Mass vun Dreck déi eleng an der Stad Lëtzebuerg all Joers am Bësch, op de Stroossen, de Parkplazen a ronderëm d’Flëss opgeraf gëtt. E Problem, deen ëmmer méi grouss gëtt. Am Bësch, laanscht d’Stroossen oder esouguer direkt op der Strooss.

Iwwerall do, wou een einfach hikënnt an een Anonym ass, fënnt ee se: wëll Drecksdeponien. War et viru Jore just e Problem vun den Industriestied wéi Esch, Suessem oder Diddeleng, ass dat haut aneschters. Ëmmer méi Landgemengen hu mam Problem vun de wëllen Drecksdeponien ze dinn.

Deponéiere vun Dreck op Plazen, déi net dofir ausgewise sinn, ass eng Saach, déi streng verbueden ass, well dat gëtt genau esou gehandhaabt, wéi wann ee géing eng Ëmweltverschmotzung maachen.

An deem Fall muss een dann 1. Fir d’Entsuergungskäschten opkommen an 2. E Protokoll bezuelen.

De Problem ass awer, dass ee muss erausfannen, wien dat war, fir se kënnen ze protokolléieren. A genau dofir huet ee sech an der Staat Déifferdeng e spezielle Service ginn, deen esou Enquêtë mécht.

D’Bannhidder also d’Garde Champetre këmmere sech hei em d’Propretéit vun der Staat an de Bëscher ronderëm. Tëschent 2 an 3 Telefonen den Dag kommen hei un, wou Leit sech iwwert Dreck, deen illegal ofgeluede gouf, beschwéieren. D’Bannhidder maache sech dann op de Wee, fir der Saach op de Grond ze goen. Mee d’Ermëttlung vun de Pollueuren ass extrem schwéier. Huet ee fréier dacks Paiziedelen oder Bréiwer mat Adresse fonnt, ass dat haut bal net méi de Fall.

Iwwer 400 Fäll vu wëllen Dreck, deen an der Gemeng Déifferdeng illegal deposéiert gouf, hunn d’Bannhidder 2018 protokolléiert. Just bei engem Brochdeel gouf déi verantwortlech Persoun ermëttelt. De Bannhidder feele verschidden Attributiounen, fir d'Enquête richteg ze féieren. Virun allem hu si keen Zougrëff op d’Donnéeë vu Persounen a sinn hei ëmmer op d’Police ugewisen.

2018 gouf just e Véierel vun de Fäll zu Déifferdeng opgekläert. Déi Verantwortlech mussen, wéi et d’Gesetz zu Lëtzebuerg virgesäit, d’Entsuergungs- a Verwaltungskäschte bezuelen. A jee no deem, wou d’Infraktioun war, kënnt dann nach eng Strof vu maximal 250 Euro dobäi.

Back to Top
CIM LOGO