Klimapakt 2.0Ëmmer méi Gemengen erfëllen d’Ziler vum Klimapakt

Fanny Kinsch
Kevin Kayser
Vun 2021 u sollen d’Kritären nach méi héich ugesat ginn, dat soten déi zoustänneg Minister um Klimapaktdag.

92 Lëtzebuerger Gemenge hu mëttlerweil d’Klimapakt-Zertifizéierung. De Klimapakt soll an Zukunft méi eng quantitative Approche fërderen, e bessere Aarbechtskader fir d’Gemenge schafen an d’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an de Bierger verbesseren. Dat sot d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Mëttwoch bei der Presentatioun vum sougenannte Klimapakt 2.0 zu Esch.

Déi éischt Period vum Klimapakt, deen d'Gemengen ënnerstëtzen, déi Klimaziler ëmsetzen, geet bis 2020. Déi gréng Ministeren Dieschbourg an Turmes hunn d’Prioritéite vun 2021-2030 presentéiert.

D’Regierung wëll bis 2030 d’Treibhausgasen em 50-55% reduzéieren, d’Energieeffizienz ëm 40-44% an d’erneierbar Energien em 23-25% eropgoen. Fir d’Gemengen z'ënnerstëtzen, hiren Deel bäizedroen, sollen an Zukunft nach weider Experte rekrutéiert an Outilen ausgeschafft ginn.

"Am Moment ginn et schonn immens vill gutt Klimaberoder an Ekippen. Mir wëllen deenen nach Spezialiste mat un d'Säit ginn, well esou Beräicher wéi Kreeslafwirtschaft, Loftqualitéit, awer eben och zum Beispill d'Upassung un de Klimawandel, wat en neit Element gëtt, oder de Waasserschutz, dass mer déi Saachen nach wesentlech verdéiwen. An do brauche mer Spezialisten, an do wëlle mer och de Gemengen hëllefen, mat neien Instrumenter, mat neien Toolen." esou d'Carole Dieschbourg.

De Communiqué

La Journée Pacte Climat sous le signe du «Pacte Climat 2.0» - Klimapakttag im Zeichen des "Klimapakt 2.0" (04.06.2019)
Communiqué par: ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable / ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du territoire / My Energy G.I.E.Le 4 juin 2019, la ministre de l'Environnement, du Climat et du Développement durable, Carole Dieschbourg, et le ministre de l'Énergie, Claude Turmes, ont participé à la septième édition de la Journée du Pacte Climat qui a eu lieu à Esch-sur-Alzette. Pour les communes, cette manifestation annuelle est un rendez-vous important d'échange et de bilan. L'objectif étant de présenter et de promouvoir les mesures d'une politique durable de l'énergie et du climat, la journée était placée sous le signe du «Pacte Climat 2.0» et de la poursuite du pacte au-delà de l'année contractuelle 2020. Si le pays veut atteindre ses objectifs en matière de protection du climat d'ici 2030, il faudra introduire une approche efficace.
---
Die siebte Ausgabe des Klimapakttages fand am 4. Juni 2019 in Esch-sur-Alzette statt. Die jährliche Veranstaltung ist für die Gemeinden zu einem zentralen Termin für Austausch und Bilanz geworden. Das Ziel: Maßnahmen für eine nachhaltige Energie- und Klimapolitik vorstellen und vorantreiben. Das diesjährige Motto lautete Klimapakt 2.0, also die Weiterführung des Klimapakts über das Vertragsjahr 2020 hinaus. Denn um die nationalen Klimaziele bis 2030 zu erreichen, ist ein effizientes Vorgehen gefragt.

PDF: De Communiqué iwwert de Klimapaktdag

Back to Top
CIM LOGO