D’Epicerie Sociale vun der Caritas zu Esch ass dee Buttek mam gréisste Passage u Leit. Hei, wéi och op villen anere Plazen am Land, sinn et virop jonk Mënschen, déi ëmmer méi op dëse Service mussen zréckgräifen, esou d’Jessica Schuler vun der Croix-Rouge.
All Erwuessene kritt 25 Euro pro Woch kommen dann nach 20 Euro pro Kand respektiv 5 Euro pro Puppelchen dobäi. D’Präisser an dësen Epicerië vun der Caritas an der Croix-Rouge entspriechen engem Drëttel vun deenen an anere Butteker, esou d’Irène Jamsek, Responsabel vun de Caritas-Butteker.
Wéinst der Inflatioun goufen och an den Epiceries Sociales Präisser no uewen ugepasst.