
Op den 1. Januar dëst Joer hu 645.397 Leit hei zu Lëtzebuerg gewunnt. Dat huet de Statec rezent notéiert. Nodeems am Pandemie-Joer 2020 nieft dem ëffentleche Liewen och den demographesche Wuesstem ausgebremst gouf, sinn zejoert eng 10.600 Awunner bäikomm. Dat ass e Plus vun 1,7% an zu 88% op déi international Migratioun zréckzeféieren. D’Lëtzebuerger dogéint huet et éischter an d’Ausland gezunn.
Zejoert ware se ëmmerhin zu 3.063, déi hiert Heemechtsland verlooss hunn. Géintiwwer 1.577 Lëtzebuerger, déi nees zréckkomm sinn. Eng Erklärung fir den negativen “solde migratoire” dierfte wuel déi héich Logementspräisser sinn, déi zanter Joren elo scho Leit an d’Grenzregioun drainéieren. Alles an allem awer zu ëmmer méi hei am Land.
Den Altersduerchschnëtt läit zu Lëtzebuerg bei 40,4 Joer fir d’Fraen an 39 Joer bei de Männer. Dat ass méi jonk wéi d’europäesch Moyenne a virun allem op den Undeel vun den Auslänner zeréckzeféieren, déi an der Moyenne méi jonk si wéi d’Lëtzebuerger. D’lescht Joer sinn alles am allem 6.690 Kanner op d’Welt komm. Och hei ass et sou, datt d’auslännesch Residenten (+4,3% par rapport zu 2020) méi Kanner kréie wéi d’Lëtzebuerger (+ 2,9% par Rapport zu 2020).
Op der anerer Säit ware 4.489 Doudesfäll ze bekloen. D’Stierflechkeet ass ëm 2,6% zeréckgaangen a louch zejoert rëm um Niveau vu virun der Pandemie. Duerch d’Altersstruktur vun der Populatioun, an där déi gebierteg Lëtzebuerger méi al si wéi d’Auslänner, hunn d’Lëtzebuerger ronn 2/3 vun de Stierffäll ausgemaach. D’Liewenserwaardung allgemeng ännert quasi net a läit bei 84,4 Joer bei de Fraen an 80,3 Joer bei de Männer.
Wie sinn da lo déi Leit, déi aus dem noen a méi wäitem Ausland an de Grand-Duché kommen? D’Portugise bleiwen déi gréisst auslännesch Communautéit, virun de Fransousen an den Italiener. De Rescht vun der Top 10 gëtt vun de Spuenier, Inder, Rumänen, Syrer, Brasilianer, Däitschen a Griiche completéiert. Interessant ass och, wéi de Statec ervirhieft, datt op den 1. Januar 1.075 Ukrainer hei am Land gelieft hunn, also nach ier déi russesch Invasioun zu der grousser Flüchtlingsbeweegung gefouert huet, déi mer grad erliewen.