Aus der Nout eraus, léisst ee sech vläicht op Annoncen an, déi sech fréier oder spéider als „Fake" erausstellen. Dat bedeit: et gëtt mat falsche Fotoen an Informatioune geschafft. An dat, fir d'Leit dozou ze bréngen, Suen z'iwwerweisen. D'Wunneng gëtt et dann an Wierklechkeet guer net an d'Sue sinn fort.
E miwweléiert Appartement mat zwou Kummeren um Belair fir 1.350€. Et kléngt ze schéi fir wouer ze sinn. Ma effektiv gëtt et dës Wunneng net, zumindest net zu Lëtzebuerg. Séier stellt sech eraus, datt déi nämmlecht Foto och op anere Websäiten optaucht. Déi schéi Wunneng um Belair ass op eemol zu Barcelona. An dat ass net dat eenzegt Appartement, dat och op anere Plazen uechtert d'Welt verlount gëtt.
Op d'Ufro, fir eng Visitt vum Appartement kënnen ze maachen, schreift eng Persoun, déi sech als Proprietär ausgëtt, si géing am Ausland schaffen. Si proposéiert, dass mir eng Garantie sollen iwwerweisen. Duerno géingen eis d'Schlëssele fir d'Visitt geschéckt ginn. Ma dass sech Leit op esou Proposen alossen, géing och um ugespaante Wunnengsmarché leien.
Pascal Koehnen, juristesche Service ULC:„Et ass e Fait, dass d'Offer mini ass, d'Demande ass riseg. An deem Kontext besteet Drock. An do ginn et da Leit, déi sech dann op eppes stierzen, wat hinnen da Leed deet. Dat heescht, Leit, déi scho schlecht do stinn, gi mat esou Manöver wéi deem doten nach emol ausgehiewelt."
An op esou Arnaquë kann een ëmmer stoussen, egal op wéi engem Site ee sech befënnt:
Pascal Koehnen:„Den Domaine, also den .lu hannen, dat inspiréiert Confiance. Virun allem fir ons Lëtzebuerger, well mir jo dann denken, bei enger Lëtzebuergescher Säit geschitt jo näischt, dat muss da scho Kapp a Schwanz hunn, mä grad domadder gëtt dann och gespillt."
Wien Affer vun enger Arnaque ginn ass, soll sech onbedéngt bei der Police mellen. Ronn 25 Plaintë wéinst falschen Immobilienannoncen ginn am Joer gemaach.
Frank Stoltz, Police Grand-Ducale: „Wichteg ass et, dass, wann d'Leit bis e Payement gemaach hunn a wann se awer mierken, dass dat net onbedéngt an der Rei ass, da sollen se esou séier wéi méiglech mat hirer Bank kucken, op se eventuell de Payement kënne réckgängeg maachen oder op d'mannst blockéieren. Wichteg ass och, dass d'Leit an alle Fäll Plainte bei eis féiere kommen, fir dass mir kënnen ermëttelen."
Déi ënnerschiddlech Immobilie-Sitte schaffen dorunner, déi gefälschten Annoncen ze detektéieren an ze läschen.
Op Nofro schreift eis d'Websäit, wou mir d'Fake-Annoncë fonnt hunn, dass si och d'Notzer dozou opfuerderen, Arnaquen ze mellen.