Den 62 Joer ale Mann, dee keng Ressourcen, keen Akommes huet. Meeschtens begéint een him bei der rouder Luucht op der Stäreplaz. Säin Numm ass Thierry, an zanter engem hallwe Joer kënnt hien elo scho reegelméisseg heihinner, fir Suen ze heeschen. Zanter 6 Méint ass hien awer net méi op der Strooss, ma huet zu Metz eppes fonnt fir ze schlofen.
Ewéi säi Plakat engem et verréit, fënnt hie keng Aarbecht. Argumenter firwat, där huet hie genuch. Den Thierry huet zanter ville Jore Réckeproblemer a gouf schonn e puer mol operéiert.
Problemer mat der Police hat hie bis ewell eréischt eng eenzeg Kéier. Elo weess hien, wat en dierf a wat net. Heeschen ass u sech net verbueden zu Lëtzebuerg.
Mä firwat grad d’Stäreplaz? Ma den Thierry huet de Glawen u Gott, trotz senger Liewenssituatioun, ni verluer a huet senger ënnerer Stëmm nogelauschtert. Wéi et schéngt, kënnt den Thierry de Leit sympathesch eriwwer. Praktesch all kéiers, wann d’Luucht rout ass, kritt hie Suen an de Grapp gedréckt.
Mir hunn den Thierry e puer mol gefrot, mat wat een him dann nach hëllefe kann. Wéi et schéngt, ka keen him hëllefen. Kee stellt een an, dee Réckeproblemer huet.
An esou profitéiert hie vun deenen Deeg, wou e sech beweege kann, a probéiert mat dësem Verdéngscht all seng Rechnungen ze begläichen, déi ufalen. Eent ass awer fir den Thierry sécher, d’Lëtzebuerger mengen et besser mat him ewéi seng Landsleit, an dofir kënnt hien op Lëtzebuerg heeschen.