Géint Mëtternuecht hat et an där aler Schëfflenger ArcelorMittal Hal gebrannt. Wéi de CGDIS mellt, wier kengem eppes geschitt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vun Esch, Schëffleng, Käl a Monnerech.