Sträit bei Cargolux fir neie Kollektiv-VertragEn Donneschdeg war déi éischt Sitzung op der Conciliatioun

RTL Lëtzebuerg
OGBL an LCGB hunn dobäi un déi exzellent finanziell Resultater vum Grupp erënnert, an dofir och eng adequat Unerkennung fir d’Personal gefuerdert.

Déi géif an der Siicht vun de Syndikater, aus enger dauerhafter Reduzéierung vun der Aarbechtsbelaaschtung, an engem méi attraktive Paie-Modell bestoen.

D’Gewënner op finanziellem Plang wiere schliisslech och de Verdéngscht vum Personal, heescht et an engem Schreiwes vu béide Gewerkschaften.

Ufank des Joers huet d‘Conciliatioun jo missten ageschalt ginn, well d’Verhandlungen fir en neie Kollektivvertrag  bei der Cargolux festgefuer waren.

PDF: Pressecommuniqué vun LCGB an OGBL

Back to Top
CIM LOGO