Vun enger 38-Stonne-Woch oder dem Recht op eng Hallefdaagstâche hält den Tom Wirion net vill. De Generaldirekter vun der Chambre des métiers war e Méindeg de Moien Invité vun der Redaktioun. Fir kleng a mëttelgrouss Betriber wieren esou Mesuren net evident ëmzesetzen, an dorop misst d’Politik Récksiicht huelen.
En Erofsetze vun der Aarbechtszäit kënnt fir den Tom Wirion net a Fro. Et géif elo schonns e Manktem u qualifizéiertem Personal. Déi néideg Leit ze fannen, fir dës Aarbechtszäitverkierzung auszegläichen, wier deemno grad fir kleng a mëttelgrouss Betriber immens schwéier. Dofir missten esou Decisiounen allgemeng net um Niveau vun enger Tripartite, mee um Niveau vun de Betriber selwer getraff ginn, esou den Tom Wirion.
“Wat mir gären hätten ass, dass wann nei Iwwerleeunge kommen an der Familljepolitik oder am Droit du Travail, dass ee kuckt klengbetriiblech Reegelen ze fanne – Modalitéite – déi et klengen Entreprisen erlaben sech esou ze organiséieren, dass dat geet. Dat muss een dann am Dialog mat där neier Regierung diskutéieren an do Léisunge fannen. Mee déi Léisunge fannen sech net um Niveau Tripartite mee déi sollen sech am Betrib sou no wéi méiglech fannen, tëscht der Delegatioun an dem Patron oder tëscht dem Patron an de Leit, an deene Betriber wou et keng Delegatioun gëtt.“
A Saachen Digitaliséierung sinn déi Lëtzebuerger Betriber ganz ënnerschiddlech wäit an dofir wënscht sech den Tom Wirion méi Ënnerstëtzung fir erauszefannen, wéi eng Mesuren an Initiativen fir e Betrib a Fro kommen a wéi eng net.
“Dat geet vum Betrib, deen eng E-Mail-Adress huet, bis zum Betrib, deen den Daach mat enger Dron ofmiesst ier en dann den Daach deckt. Dat heescht dat ass ganz villschichteg. D’Betriber sinn sech der Wichtegkeet vum Sujet bewosst, sinn e bëssen am Sujet verluer an dofir ass et wichteg d’Handwierksbetriber op deem Wee vun der Digitalisatioun ze ënnerstëtzen. Well dat biergt vill Chancen an dat bitt och, dass ee méi qualitative Wuesstem am Handwierk ka kréien an nei Business-Modeller ka maachen.”
Beim Thema Aktivitéitszone bedauert hien, dass an deenen neie Plans sectoriels net genuch där Zonen ausgewise wieren. Betriber géifen ëmmer méi grouss a missten op esou Aktivitéitszone kënnen auswäichen. Iwwerdeems vermësst den Direkter vun der Chambre des métiers och e Plan sectoriel zum Thema Bauschutt. Déi aktuell Deponië géife geschwënn net méi duer goen.
Et géif elo schonns e Manktem u qualifizéiertem Personal, esou de Generaldirekter vun der Chambre des métiers um Méindeg de Moien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.