Observatoire de l'Égalité entre les genresEn neie Conseil supérieur fir d'Gläichheet tëscht de Geschlechter

Annick Goerens
A ville verschiddene Beräicher gëtt et Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter an dozou ginn et och vill verschidden Etüden.

Ma op wéi eng Zuele kann ee sech wierklech verloossen a wou kommen dës Donnéeë fir de Grand-Duché hier? Dofir gëtt et den Observatoire de l’Égalité entre les genres.

Observatoire de l‘Égalité/Reportage Annick Goerens

An den Observatoire kritt elo eng gesetzlech Basis a gëtt och ausgebaut. De Gesetzprojet 8139 gouf nach vun der deemools zoustänneger Ministesch an elo LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding mat ausgeschafft an en Dënschdeg an der Familljekommissioun um Krautmaart presentéiert.

Wat ech ganz positiv fannen, ass, dass d’Regierung un dem Projet festhält. Et ass souwisou e Projet, deen ëmmer weider ausgebaut gëtt. Et ass net e Projet, deen iergendwann eng Kéier fäerdeg ass, well jo och ëmmer nees nei Statistike kommen. Et gi jo och ëmmer nei Etüde gemaach. Wichteg ass eben, dass all déi verschidden Donnéeën a Statistiken am Observatoire zentraliséiert sinn. Dass een direkt alles zesumme fënnt. An dass ee sech och kann op déi Zuele verloossen. Et ass jo och wichteg, dass dat eng wëssenschaftlech Basis huet.

Et géing een och gesellschaftlechen Entwécklunge Rechnung droen, sou d’CSV-Deputéiert a Vize-Presidentin vun der Familljekommissioun Nathalie Morgenthaler.

Et solle Statistiken iwwer d’Geschlechter gesammelt ginn – och non binär. Dat ass och dat, wat interessant ass a wat nach eemol ervirgehuewe ginn ass. Et geet drëms, dass ee kann unhand vun deenen Zuele Prioritéiten erausschielen. Den Europäeschen Gender Equality Index ëmfaasst 7 Beräicher, déi och sollen am Lëtzebuerger Observatoire iwwerholl ginn. Ënner anerem d’Violence domestique, d’Aarbecht an d’Santé beispillsweis. A wat hei flott ass bei eisem Lëtzebuerger Observatoire ass och an Aussicht gestallt ginn, dass nach zousätzlech Beräicher wéi zum Beispill Sport a Kultur a Finanzen och nach kéinten derbäi kommen.

Mat dem Gesetzestext gëtt och en neie Conseil supérieur à l’Égalité entre les genres gegrënnt, deen de Comité du travail féminin ersetzt. Et soll ee méi klengen a méi dynamesche Gremium ginn, erkläert d’Taina Bofferding.

Wou reegelméisseg zesummekënnt an dem Ministère berodend zur Säit steet a mat Iddien ausschafft. Och kuckt international, wat do vläicht fir Erausfuerderunge kommen an do och op konkrete Piste schafft. Also et geet wierklech drëm, fir emol éischt Iddien ze developpéieren.

Et hätt ee wëlle fort vum klassesche Gremium, wou all Organisatioun an och d’Sozialpartner missten dra vertruede sinn, hin zu engem Rot mat just 9 Leit, wou een och ganz ënnerschiddlech Profiller kéint hunn. Dat hätt natierlech fir Kritik gesuergt, sou d’Taina Bofferding. Mee méi reduzéiert wier och méi flexibel an effikass an och déi nei zoustänneg Ministesch Yuriko Backes wëll doru festhalen, sou d’Nathalie Morgenthaler.

Back to Top
CIM LOGO