Ban de GasperichEn neie Quartier mat engem neie Walbüro a villen neie Wieler

RTL Lëtzebuerg
Ënnert den 88 Walbüroen an der Stad ginn et zwee neier, dorënner een um Ban de Gasperich.
Um Ban de Gasperich gouf fir d'éischte Kéier gewielt
De Walbüro Nummer 80 gouf an de Lokaler vum CGDIS installéiert.

Vun de 528 Ageschriwwenen Wieler aus dësem jonke Quartier haten der 77 d Bréifwal ugefrot, all déi aner konnten an de Lokaler vum CGDIS dësem demokratesche Prozess deelhuelen. Eng éischter ongewéinlech dofir awer praktesch Plaz.

Wéi de President vum Walbüro Paul Benoit erkläert, wier et um Ufank net geplangt gewiescht, dass de Walbüro op dëser Plaz wier. Ma dass een den eenzege Büro op dëser Plaz wier, géif engem eng gewëssen Exklusivitéit ginn.

An der Stad ginn et, op d’ganzt Land gesinn, mat 36,9 Prozent, déi meescht Net-Lëtzebuerger Wieler. De Walbüro Nummer 80 Ban de Gasperich läit an engem ganz internationale Quartier. Mat 250 si bal d’Hallschent vun de Wieler, déi hei ageschriwwe sinn, keng Lëtzebuerger.
Déi, déi mir e Sonndeg de Mueren vun hinne begéint hunn, waren all immens houfereg, datt se hunn dierfe wiele goen. Fir vill vun hinne war dat och eng Première! Um Enn hu vun all den ageschriwwene Wieler, déi hei hätte kënnen ofstëmmen, eng 86 awer net mat gewielt.

Back to Top
CIM LOGO